Chaos Computer Club Lëtzebuerg

“Chaos in the world brings uneasiness, but it also allows the opportunity for creativity and growth.” -- Tom Barret

User Tools

Site Tools


lb:bootstrap

Wann eisen Hackerspace OP, awer d'Viischtdier zougespaart ass, dann mellt iech w.e.g. bei eis!

Dir wëllt mat eis an Kontakt kommen? 

Dir kënnt eis eng Email schécken op info@c3l.lu oder iwwer Twitter: @c3l_. D'Press a Medie sollen press@c3l.lu benotzen oder eis uruffen ënnert folgender Nummer +352-27-40-20-30. Opgepasst! Mir all bedreiwen dee Club niewebäi als Hobby. Erwaart iech also keng regulär Ëffnungszäiten oder eng direkt Äntwert op är E-Mailen oder Uriff!

Natierlech kënnt dir och eng Kéier an eisen Hackerspace "ChaosStuff" laanscht kommen. D'Adresse ass:
Hall Victor Hugo
Raum 201 & 203 (2ten Stack)
60, Avenue Victor Hugo
L-1750 Lëtzebuerg

Mir hunn ee MUC Channel ob eisem XMPP Server. Jiddereen, Member oder Net-Member, ass häerzlecht Wëllkomm mat eis ze chatten: c3l@conference.c3l.lu

Evenementer

Een Iwwerbléck vun de nächsten Evenementer souwéi Aktivitéiten, fannt dir hei drënner. Fir eng komplett Lëscht, kuckt d´Evenementer Säit oder abonnéiert eisen Atom Feed.

Wöchentlech Treffen

ChaosMeetings sinn normaler Weis all zweeten Méinden um 20 Auer an der ChaosStuff.
Kommt och mol op den Meet-Up. Jiddereen ass häerzlecht agelueden bei eis matzeschaffen. Egal a wéi enger Form! Mir bäissen net ;)

Mir sinn momentan:

Vergaangen Evenementer

Neiegkeeten

Ee schwaarzen Dag fir Europa

Den 26ten Mäerz huet d'EU Parlament fir déi geplangte Copyrightreform gestemmt. Déi massiv negativ Konsequenzen, vun dëser immens schlecht duerchduechten Reform, wäerte mer eréischt an een puer Méint, respektiv maximal 2 Joer, ze spieren kréien. Den Internet, sou wei mer en hautdesdaags kennen, wäert dann net méi existéieren.

Wat mer wäerten hunn, ass eng Entmëndegung vun all Benotzer, well automatiséiert Filteren elo entscheeden, wat däerf publizéiert ginn a wat net. Mer hunn schonn dacks drop higewisen, datt Filtere Feelerufälleg sinn. Sou wäert Contenue säi Wee op eng Plattform ni fannen, esou wéi dat leider schonn den Fall op Youtube ass, mat ënnert anerem, Krichsreportagen.

D´EU Parlament huet domadder d´Chance verspillt, net nëmmen eng besser Copyrightreform op den Instanzewee ze bréngen, mä huet och ee negatiivt Bild ob seng eegen Demokratie geworf. Ënnert anerem mat Aussoen, vum Här Axel Voss, deen Zéngdausende vu Bierger, besonnesch Jonker, ënnerstellt, dass si manipuléiert gi wieren oder, vum Här Daniel Caspary, deen de Demonstrante virgeheit, si wieren dofir bezuelt ginn. Dëst Trauerspill bréngt elo mat sech, datt eng ganz Generatioun, d'Vertrauen an eng EU verléiert, déi souwisou schonns een Imageschued huet. D'Signal ass kloer: All deng Wënsch an däi Protest loossen d'Politiker kal a se maache wéi et hinne vun den Lobbyisten opgedroe ginn ass.

D'Kënschtler wäerten an e puer Joren nach ëmmer net besser bezuelt gi fir hier Wierker, vu-que dass Youtube, Google an Co net ka mat all eenzele Kreateur een Arrangement fannen an och net mat all den Vertrieder vun den Kënschtler. Am Endeffekt wäert Zensur an Vertrauensbroch déi eenzeg Resultater vun dëser Reform sinn.

Et ass een Konflikt zwëschent den Generatiounen an et ass een Konflikt zwëschent deenen, déi eppes vum Internet verstinn an deenen déi anachronistesch Mëttele wëllen ob déi nei Medien uwenden. Eng läscht Chance gëtt et nach. Den 9ten Abrëll muss den europäeschen Rot géint Richtlinn stëmmen, fir, dass dës kontrovers Reform net a Kraaft trëtt.

Als Chaos Computer Club Lëtzebuerg an als Frënn vun der Ënn A.S.B.L bedaueren an mëssbëllegen mir dës Entscheedung vum EU Parlament. Mir wäerten eis och an Zukunft op nationalem an europäeschem Niveau massiv géint esou Zenséierungen vum Internet asetzen. Zu gudder Lescht, wëllen mir eisen Europa Deputéierten awer Merci soen, déi all géint dës Direktiv gestëmmt hunn, an domadder hiert Versprieche gehalen hunn.

RIP Fräien Internet

2019/03/27 09:44 · metalgamer

Häerzlecht ënnerstëtzt vun:

lb/bootstrap.txt · Last modified: 2019/10/17 01:32 by virii