lb:chaosstuff:moreinfo

Hei eis Richtlinnen wann een an eisem Hackerspace ass an deen benotzt.

D'Spaco ass een Group vun fraiwellegen Memberen dei sech berreet erklärt hun sech em't Akäff souwei greisser Verännerungen am Space ze bekemmeren.

Zwee Raim? 1 Badge. Wann's du wëlls dauerhaften Zougrëff zum Hackerspace hunn dann mell dech bei eis an schéck eis eng Mail op info@c3l.lu oder komm eng Kéier Méindes op een ChaosMeeting oder op een Meetup.

Prozess fir een Badge ze kréien

Als éischt muss een mol Member vum Veräin ginn/sinn! Derniewent muss een eng Zäit laang reegelméisseg an den Hackerspace kommen (+- 2 Méint). Als Member muss een dann eng offiziell Demande un't Spaco schreiwen. Soubal déi hiren Accord ginn huet, mellt den Sekretär sech bei der Gemeng fir deen Badge ze kréien. Déi offiziell Pabeieren vun der Gemeng fir een Badge ze kréien dierfen natierlech net vergiess ginn.

Mir hunn eng kleng Kichen an der ChaosStuff déi jiddwereen kann benotzen. Fir all déi déi sech wëllen eppes kachen hei fënnt een ee puer Rezepter Foodhacking. Wann een sech net selwer eppes kache well fënnt een hei eng Lescht vun Restauranten wou mir schonn déi eng oder aner Kéier bestallt hunn.

Preislescht

An eiser Chaosstuff geet et och Gedrénks an Klengegkeeten fir z'iessen. Hei fannt der eis Präislëscht.

  • lb/chaosstuff/moreinfo.txt
  • Last modified: 2022/03/03 23:39
  • by metalgamer