Chaos Computer Club Lëtzebuerg

“Chaos in the world brings uneasiness, but it also allows the opportunity for creativity and growth.” -- Tom Barret

User Tools

Site Tools


lb:organization:about Lang:

Chaos Computer Club Lëtzebuerg A.S.B.L.

Den C3L ass eng beim RCSL registréiert, Lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck (A.S.B.L.).
Registernummer: F0007653
Statuten: statutes.c3l.lu.

Den Chaos Computer Club Lëtzebuerg ass deen 23 Mee 2008 gegrënnt ginn. Hei fannt der méi Informatiounen doriwwer: Geschicht

Kontakt

Chaos Computer Club Lëtzebuerg, A.S.B.L.
Hall Victor Hugo
Reim 201 & 203 (2ten Stack)
60 Avenue Victor Hugo
L-1750 Lëtzebuerg

Email: info@c3l.lu (GPG-ID: 0x654C9F1D)
Press: press@c3l.lu (GPG-ID: 0x654C9F1D)
Telefonsnummer: +352-27-40-20-30
Twitter: @c3l_
Internetsäit: c3l.lu

Déi meescht vun eis schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch an/oder Franséisch. Schreif eis an där Sprooch déi Iech am beschten läit! (Am meeschten Gléck hu der awer bei LB/EN)

Mat eis an Kontakt bleiwen

Den éischten Kontakt mat eis ass gemaach? Wann Dir wëllt mat aneren Memberen aus dem Veräin a Kontakt kommen oder matkréien wat sou am Veräin lass ass, dann fannt dir ob der Säit “Kontakt zur Communautéit” méi Informatiounen!

Club Organer

Déi folgend Club Organer sinn am Detail ob de jeeweilege Säiten erkläert. Dëst ass awer keng Hierarchie Struktur.

Fig. 1: Organisatiounsdiagramm

Finanzen

Spenden

De Club lieft vun spenden. Wann Dir eis Aarbecht wäertschätzt, kënnt Dir eis gären e klengen Don maachen.

Transparenz Rapport

En transparenten Finanzrapport ass Deel vun eisem Konzept, domat jiddereen weess wéi eis Suen gebraucht ginn a wou se hier kommen.

Finanz Audit

Op der uerdentlecher Generalversammlung gëtt een Finanz Audit vun 2 onofhängegen Keesepréifer gemaach. Keesepréifer kënnen dobäi keen Member vum Verwaltungsrot sinn.

Pressernimmungen vum an iwwert den C3L

Wann Dir gären déi jeeweileg Pressernimmungen kucken/liesen wëllt, dann fannt der déi op eiser Säit vun der Press.

Partner

All't Logoen vum Veräin sinn CC lizenzéiert. Dir fannt se als SVG oder PNG Datei hei: logos.

lb/organization/about.txt · Last modified: 2018/11/08 23:01 by metalgamer