lb:organization:activity-reports:2019

Action disabled: source
  • Mir haten 18 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt. Mir haten 27 oppe Méindeger wou interesseiert Leit konnte lanscht kommen.
  • Desweider ware mir mat 22 Pressernimmungen am Joer 2019 vertrueden.

/

/

Mir haten een Austausch mat der Dateschutz ASBL.

Zwee vun eise Memberen hunn de Chaos Computer Club Lëtzebuerg op der 19ter Easterhegg vertrueden.

Den 27 Abrëll hunn mir een Social Event (eng Spark Up Night) organiséiert ënnert dem Numm The S in IoT stands for security!

Mir haten op der éischter MiniMakerFaire zu Rouspert ee Stand an hunn do ënner anerem Projete vun eis esou wei de Club virgestallt.

De 25 Mäi hunn mir ee Social Event (Brettspielowend) organiséiert.

Den 30 Mäi ware véier Membere vun eis op der Gulaschprogrammiernacht zu Karlsruhe.

Den 29 Juni hunn mir ee Social Event mat Spark Up Night ënnert dem Numm New Horizons organiséiert.

Den 1 Juli hunn mir den Internetsite https://fichiercentral.c3l.lu/ lancéiert. Dës Websäit steet all Mënsch zur fräie Verfügung fir seng Daten déi am "Fichier central" stoen unzefroen.

Véier vun eise Membere waren op de Chaos Communication Camp an hunn do de C3L vertrueden.

/

Mir waren op der Hack.lu mat engem Stand vertrueden (eng Informatiounssécherheets Konferenz zu Dummeldeng).

Mir haten ee Social Event - Diskussiounsowend iwwert Artificial Intelligence.

Mir haten een Treffe mat der Entente vun de Veräiner vum Lampertsbierg. Mir wäerten hiren Internetsite ëmänneren an nei opbauen.

Mir haten een Treffe mam Marc Ludwig dee Responsabel ass fir dee BTS Cybersecurity auszeschaffen.

Clubausfluch ob Leipzig op den 36ten “Chaos Communication Congress” organiséiert vum Chaos Computer Club Däitschland wou sech all Joer dausenden vun Hacker aus de verschiedensten Länner treffen.(Lëtzebuerg,Däitschland,Schwäiz,Eisterreich asw.)

An der Chaosstuff gouf zesumme mat de Membere wou net konnten ob de Congress goen d'Streams gekuckt.

  • lb/organization/activity-reports/2019.txt
  • Last modified: 2020/03/02 19:59
  • by chrescht