lb:organization:activity-reports:2019

This is an old revision of the document!


  • Mir haten 18 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt, an haten 27 oppe Méindeger wou mir neie Leit eis virstellen.
  • Desweider ware mir mat 22 Pressernimmungen am Joer 2019 vertrueden.

/

/

Mir haaten een Austausch mat der Dateschutz ASBL.

Zwee vun eisen Memberen hun den Chaos Computer Club Lëtzebuerg op der 19ter Easterhegg vertrueden.

Den 27 Aprëll hun mir een Social Event Spark Up Night organiséiert ennert dem Numm The S in IoT stands for security!

Mir haaten op der eischter MiniMakerFaire zu Rouspert een Stand an hunn do enner anerem Projeten vun eis esou wei den Club virgestallt.

Den 25 Mai hunn mir een Social Event mat Brettspielowend organiseiert.

Den 30 Mai waren 4 Memberen vun eis op der Gulaschprogrammiernacht zu Karsruhe.

Den 29 Juni hunn mir een Social Event mat Spark Up Night ennert dem Numm New Horizons organiséiert.

Den 1 Juli hunn mir den Internetsite https://fichiercentral.c3l.lu/ lanceiert. Dës Websäit steet all Mensch zur fräien Verfügung fir seng Daten dei am "Fichier central" stoen unzefroen.

Véier vun eisen Memberen waren op den Chaos Communication Camp an hunn do den C3L vertrueden.

/

Mir waren op der Hack.lu mat engem Stand vertrueden (eng Informatiounssécherheets Konferenz zu Dummeldeng).

Mir haaten een Social Event - Diskussionsowend iwwert Artificial Intelligence.

Mir haaten een Treffen mat der Entente vun de Veräiner vum Lampertsbierg. Mir wärten hieren Internetsite emänneren an nei opbauen.

Mir haaten een Treffen mam Marc Ludwig deen Responsabel ass fir deen BTS Cybersecurity auszeschaffen.

Clubausfluch ob Leipzig zum 36ten “Chaos Communication Congress” organiséiert vum Chaos Computer Club Däitschland wou sech all Joer europawäit d'Chaosfamil trefft. (Lëtzebuerg,Däitschland,Schwäiz,Eisterreich)

An der Chaosstuff goufen zesumme mat de Membere wou net konnten ob de Congress goen d'Streams gekuckt.

  • lb/organization/activity-reports/2019.1578940451.txt.gz
  • Last modified: 2020/01/13 19:34
  • by chrescht