Table of Contents

Aktivitéits Bericht 2024

Reegelméisseg Ereegnisser

Januar

Pot du président mat all den Memberen

Februar

Installatioun an Iwwerpréifung vun IT Infrastruktur bei besuergten Matbierger.

Mäerz

Den 30ten Mäerz hunn mir beim "World Wide Open Hackerspace Day" matgemaacht, wou weltwäit Hackerspacen hier Dieren opgemeet hunn a sech dem Public gewissen hunn.

Abrëll

Ausbau vum Freifunk Netzwierk. Een gratis öffentlechen WLan, wou jiddereen kann matmaachen.

Mee

Virträg via online Meeting fir den grand public:

Juni

Sektioun vun den Bushcraft Nerds huet sech getraff fir ze kucken wéi een Natur & Technologie besser mateneen verbannen kann. Eventuell Kooperatioun mat der Däitscher Vereenegung "Bits & Bäume" ustriewen.

Juli

August

Austausch mat der EDRi iwwert Netzpolitik an wéi eenzel lokal Akteuren hiren Deel derzou bäidroen, datt den Internet oppen a fräi fir jiddereen bléift.

September

Photo Nerds Sektioun huet sech mat dem Photo Club vun Dikrech an Esch getraff fir iwwer zukünfteg Projeten ze schwätzen.

Oktober

Eng spontan organiseiert HowTo 3D Druck Sessioun vum orimpe fir Family and Friends iwwert Basics vun der 3D Drucktechnik an wat en alles domat Drucken kann.

November

Distributioun vun der "Datenschleuder" (Zeitung vum Chaos Computer Club) un déi 5 matmaachend Bibiliothéiken hei am Land. Notamment:

Dezember

Live streaming vum Chaos Communication Congress fir all déi, déi net selwer op den Kongress konnten fueren. Déi 3 Deeg waren natierlech oppen fir den public a gouf gutt besicht.