Déi meescht vun eis schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch an/oder Franséisch. Schreif eis an där Sprooch déi Iech am beschten läit! (Am meeschten Gléck hu der awer bei LB/EN)
Mir recommandéieren jidderengem deen up2date well bleiwen, eis op Mastodon: @c3l@social.c3l.lu ze followen.
Eng Iwwersiicht iwwert eis Mailinglëschten fënnt een ënnert lists.c3l.lu
Eis Chaosstuff Mailinglëscht ass fir jiddereen op. Hei kann een iwwert alles schwätzen wat mat eisem Hackerspace ze dinn huet.
D'Intern Mailinglëscht ass fir just fir déi sougenannten "Fullmember". Hei ginn Aktiounen koordinéiert, iwwert Projeten geschwat an alles wat de Club u sech betrefft. Dës Mailinglëscht ass net ëffentlech!
Eisen XMPP/Jabber Server ass fir all Member zougänglech fir mateneen ze chatten. Dernieft erméiglecht den offiziellen MUC vum C3L och fir digital un ChaosMeetings deelzehuelen.
xmpp://c3l@conference.c3l.lu