Déi folgend Richtlinne representéieren nëmmen en deel vun eisem Kodex. Den aneren Deel ass an de Statuten niddergeschriwwen. Ier eng Persoun Member ka ginn, muss Hien/Hatt een Memberschaft Formular ausfëllen an sech den Richtlinne verflichten.
Dei folgend Richtlinne si vun de Memberen ausgeschafft ginn, a kënnen zu all Moment nees änneren. De ChaosMeeting kann zu all Moment déi nei Versioun gutt heeschen. D'Ersteller hunn sech un den Hackerspace Design Patterns an den Haaptpunkte vun dem CCCamp2015 working group inspiréiert. Desweideren huet Erfarung vun co-manageing vum éischten Hackerspace zu Lëtzebuerg zesumme mat dem syn2cat A.S.B.L. eis gehollef déi wichtegst Parameter fir feiere vun engem Hackerspace ze leieren.
ChaosStuff gëtt ob reegelméisseger Basis vu lokalem Botzservice gebotzt. All Member soll sech w.e.g. un dës Virsätz halen:
Deng Rechter als Member
Jiddwer Member dierf d'ChaosStuff fir seng eegen Projeten notzen. Dës Projeten mussen awer mat den Richtlinnen vum Veräin an mat der Hackerethik iwwerteneen stemmen.
All Member kann sech eng kleng Userbox ufroe wou een seng Saache kann dra stockéieren. Déi Box ass 40x30x22 cm grouss a kritt ee mat engem klenge Schlass. Dofir muss een nëmmen eng Kautioun vu 25€ hannerlee. Mir hunn net genuch Platz fir jiddwerengem seng Userbox, sou dass et ka sinn dass eng Demande vun der Spaco net gutt geheescht geet.
Aufgaben
Visiteure sinn ëmmer wëllkomm! Wei och ëmmer lee mir reegelméissege Besicher un't Häerz iwwert eng ënnerstëtzend - /Vollmemberschaft nozedenken. Desweidere soll all Visiteur déi uewe genannte Reegelen a Flichte respektéieren!
D'Haaptdieren vum Gebai mussen wann een eran oder erausgeet zougemaach ginn. Denkt drun mam Badge zouzemaachen!
Dat selwecht gelt fir déi zwee Verainsraim!
Reegelen wann een deen Space verléisst:
Am Fall vun engem Noutfall (Feier, Wasserbroch, Accident asw.), mussen déi heiten Persounen direkt kontaktéiert ginn nodeems deen 112 oder 113 kontaktéiert gouf.
Numm | Telefonsnummer | E-Mail-Adress | |
---|---|---|---|
metalgamer | +352 27-40-20-30-2 | 112@c3l.lu | @the_metalgamer |
virii | +352 27-40-20-30-4 | 112@c3l.lu | @virii |
Wann keen vun deenen Leit hei uewen opheeft dann schreif eng Email op 112@c3l.lu.
Wann meiglech och direkt op dei heiten Nummer vun der Gemeng uruffen: (Tel.: +352 47-96-28-69 / Mobile: 691 980 857 )
Et ginn keng Reegelen ausser déi heiten: sidd fein ënnerteneen
Version 0.1