Aktivitéits Bericht 2024
Reegelméisseg Ereegnisser
- Mir haten 12 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt. Mir haten 24 oppe Méindeger wou interesseiert Leit konnte lanscht kommen.
- Desweideren ware mir mat 2 Pressernimmungen am Joer 2024 vertrueden.
Januar
Pot du président mat all den Memberen
Februar
Installatioun an Iwwerpréifung vun IT Infrastruktur bei besuergten Matbierger.
Mäerz
Den 30ten Mäerz hunn mir beim "World Wide Open Hackerspace Day" matgemaacht, wou weltwäit Hackerspacen hier Dieren opgemeet hunn a sech dem Public gewissen hunn.
Abrëll
Ausbau vum Freifunk Netzwierk. Een gratis öffentlechen WLan, wou jiddereen kann matmaachen.
Mee
Virträg via online Meeting fir den grand public:
- Den metalgamer huet ee Virtrag iwwert Cyberattacke gehalen.
- Den virii huet iwweert Backups geschwat.
Juni
Sektioun vun den Bushcraft Nerds huet sech getraff fir ze kucken wéi een Natur & Technologie besser mateneen verbannen kann. Eventuell Kooperatioun mat der Däitscher Vereenegung "Bits & Bäume" ustriewen.
Juli
- Den orimpe huet e HowTo Lockpicking Session for Frends gehalen,a erklärt wei Verschidden Schlässer opgebaut sin an wei e se op kritt.
- Präsens beim Haxogreen 2024. Engem Outdoor Hacker Event zu Diddeleng.
August
Austausch mat der EDRi iwwert Netzpolitik an wéi eenzel lokal Akteuren hiren Deel derzou bäidroen, datt den Internet oppen a fräi fir jiddereen bléift.
September
Photo Nerds Sektioun huet sech mat dem Photo Club vun Dikrech an Esch getraff fir iwwer zukünfteg Projeten ze schwätzen.
Oktober
Eng spontan organiseiert HowTo 3D Druck Sessioun vum orimpe fir Family and Friends iwwert Basics vun der 3D Drucktechnik an wat en alles domat Drucken kann.
November
Distributioun vun der "Datenschleuder" (Zeitung vum Chaos Computer Club) un déi 5 matmaachend Bibiliothéiken hei am Land. Notamment:
- Nationalbibliothéik
- Ourdall Bibliothéik
- Ettelbrécker Bibliothéik
- Escher Bibliothéik
- Veianer Bibliothéik
Dezember
Live streaming vum Chaos Communication Congress fir all déi, déi net selwer op den Kongress konnten fueren. Déi 3 Deeg waren natierlech oppen fir den public a gouf gutt besicht.