lb:organization:activity-reports:2024

This is an old revision of the document!


  • Mir haten 12 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt. Mir haten 24 oppe Méindeger wou interesseiert Leit konnte lanscht kommen.
  • Desweideren ware mir mat 2 Pressernimmungen am Joer 2024 vertrueden.

Den 30ten Mäerz hunn mir beim "World Wide Open Hackerspace Day" matgemaacht, wou weltwäit Hackerspacen hier Dieren opgemeet hunn a sech dem Public gewissen hunn.

Deen metalgamer huet ee Virtrag iwwert Cyberattacke gehalen.

Sektioun vun den Bushcraft Nerds huet sech getraff fir ze kucken wéi een Natur & Technologie besser mateneen verbannen kann.

Photo Nerds Sektioun huet sech mat dem Photo Club vun Dikrech an Esch getraff fir iwwer zukünfteg Projeten ze schwätzen.

Distributioun vun der "Datenschleuder" (Zeitung vum Chaos Computer Club) un déi 5 matmaachend Bibiliothéiken hei am Land. Notamment:

  • Nationalbibliothéik
  • Ourdall Bibliothéik
  • Ettelbrécker Bibliothéik
  • Escher Bibliothéik
  • Veianer Bibliothéik

Live streaming vum Chaos Communication Congress fir all déi, déi net selwer op den Kongress konnten fueren. Déi 3 Deeg waren natierlech oppen fir den public a gouf gutt besicht.

  • lb/organization/activity-reports/2024.1741429582.txt.gz
  • Last modified: 2025/03/08 11:26
  • by wc3lmin