This is an old revision of the document!
Aktivitéits Bericht 2025
Reegelméisseg Ereegnisser
- Mir haten 12 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt. Mir haten 24 oppe Méindeger wou interesseiert Leit konnte lanscht kommen.
- Desweideren ware mir mat 3 Pressernimmungen am Joer 2024 vertrueden.
Januar
Pot du président mat all den Memberen.
Februar
Neien Laangzäit Projet an Kooperatioun mat den Amateurfunker vu Letzebuerg an Ugreff geholl.
Mir informéieren iwwert Mesh Technologie an bauen Funknetzwierker aus déi och ouni Internet Zougang funktionéieren.
Mäerz
Den 29ten Mäerz hunn mir beim "World Wide Open Hackerspace Day" matgemaacht, wou weltwäit Hackerspacen hier Dieren opgemeet hunn a sech dem Public gewissen hunn.
Abrëll
Hei hu mir vill um Freifunk Projet geschafft. Freifunk = Een gratis öffentlechen WLan, wou jiddereen kann matmaachen.
Mee
Internen Hackathon gestart, wou et drems gaangen ass, Schwachstellen an Router Firmware ze fannen.
Capture the Flag organiséiert, fir eisen Nowues.
Juni
Hackyard Mini Event. Een internt Event wou mir Technologie an Natur verbannen.
D'Sektioun vun den Bushcraft Nerds huet zu hirem Wandertour invitéiert.
Juli
Déi éischt Prototypen vun Autarken Meshnetzwierker goufen gebaut. Mat Hellef vun der Solartechnologie konnten mir Funk Prototypen bauen, déi och ouni fix Stroumquell funktionéieren.
August
Austausch mat der EDRi iwwert Netzpolitik an wéi eenzel lokal Akteuren hiren Deel derzou bäidroen, datt den Internet oppen a fräi fir jiddereen bléift.
September
Workshops ugebueden fir selwer Funknetzwierker opzebauen.
Oktober
Virstellung vu den neien 3D Drucker an den neien Méiglechkeeten. Och Resin Drucker goufen bei eis virgestallt a konnten ausprobéiert ginn.
November
Distributioun vun der "Datenschleuder" (Zeitung vum Chaos Computer Club) un déi 5 matmaachend Bibiliothéiken hei am Land. Notamment:
- Nationalbibliothéik
- Ourdall Bibliothéik
- Ettelbrécker Bibliothéik
- Escher Bibliothéik
- Veianer Bibliothéik
Dezember
Live streaming vum Chaos Communication Congress fir all déi, déi net selwer op den Kongress konnten fueren. Déi 3 Deeg waren natierlech oppen fir den public a gouf gutt besicht.
Weider gouf um Projet Meshnet geschafft, besonneg um Backend, sou datt eisen Funkprojet mat der wuessender Unzuel u Leit, kann mathalen.