Chaos Computer Club Lëtzebuerg

“Chaos in the world brings uneasiness, but it also allows the opportunity for creativity and growth.” -- Tom Barret

User Tools

Site Tools


lb:chaosstuff:infrastructure:woodworking

Holzatelier

Mentoren virii & orimpe

Maschinnen

Dekupéiersee

Maschinn Proxxon 2 Gang Dekupéiersee
Photo
Beschreiwung Fir kleng fein Holz/Alu/Styropor Aarbechten
Aweiser virii
Schutzbrëll undoen!
Op d'Fanger oppassen!
Material wat geseet soll ginn muss een ëmmer fest am Grëff hunn!
Dat ass eng See an denkt net fir dech mat!
Keng Bedéngung ouni Aweisung!

Aarbechtsmodi

Aarbechtsplak neigen

  1. Lassschrauwen.
  2. De gewënschten Neigungsgrad astellen.
  3. Festschrauwen.

Seeblieder wiesselen

Wichteg. Mir hunn 2 generell Zorten vu Seeblieder fir eis Dekupéiersee. Eng kéier déi, mat engem Splënt, an déi ouni. Déi mam Splënt sinn eng Grëtz méi einfach anzesetzen wéi déi ouni, dofir kennen déi ouni Splënt och bei der Laubsäge benotzt ginn.

Seeblieder ouni Splënt mussen festgeschrauft ginn.
Déi mat Splënt däerfen net festgeschrauft ginn!

Seeblat mat Splënt 

Uewen lassschrauwen
Den Seearem erofdrécken an
dat alt Seeblat eraushuelen
Seeblat fir d'éischt ënnen aklemmen.
Mat den Zänn no fir an t'ass se erof weisen!
Dann d'Seeblat uewen akropen
Uewen erëm alles festdréinen.
Net iwwerdreiwen
Dekupéiersee ass asazbereet.

Seeblat ouni Splënt

Uewen lassschrauwen
Den Seearem erofdrécken an
dat alt Seeblat eraushuelen
Seeblat fir d'éischt ënnen festschrauwen.
Mat den Zänn no fir an t'ass se erof weisen!
Dës Seeblieder mussen festgeschrauft ginn!!!
Uewen erëm alles festdréinen.
Net iwwerdreiwen!
Dekupéiersee ass asazbereet.
lb/chaosstuff/infrastructure/woodworking.txt · Last modified: 2018/11/13 22:44 by virii