lb:chaosstuff:infrastructure:woodworking

Action disabled: source

Holzatelier

Mentoren virii & orimpe
Maschinn Proxxon 2 Gang Dekupéiersee
Photo
Beschreiwung Fir kleng fein Holz/Alu/Styropor Aarbechten
Aweiser virii
  • Schutzbrëll undoen!
  • Op d'Fanger oppassen!
  • Material wat geseet soll ginn muss een ëmmer fest am Grëff hunn!\
  • Dat ass eng See an denkt net fir dech mat!
  • Keng Bedéngung ouni Aweisung!

Aarbechtsmodi

Aarbechtsplak neigen

  1. Lassschrauwen.
  2. De gewënschten Neigungsgrad astellen.
  3. Festschrauwen.

Seeblieder wiesselen

Wichteg. Mir hunn 2 generell Zorten vu Seeblieder fir eis Dekupéiersee. Eng kéier déi, mat engem Splënt, an déi ouni. Déi mam Splënt sinn eng Grëtz méi einfach anzesetzen wéi déi ouni, dofir kennen déi ouni Splënt och bei der Laubsäge benotzt ginn.

  • Seeblieder ouni Splënt mussen festgeschrauft ginn.
  • Déi mat Splënt däerfen net festgeschrauft ginn!
Seeblat mat Splënt 
Uewen lassschrauwen seelat_opalassschrauwen.jpg
Den Seearem erofdrécken an dat alt Seeblat eraushuelen seekapp_erof.jpg
Seeblat fir d'éischt ënnen aklemmen. Mat den Zänn no fir an t'ass se erof weisen! seeblat_aklemmen_ennen.jpg
Dann d'Seeblat uewen akropen seeblatt_vir.jpg
Uewen erëm alles festdréinen. Net iwwerdreiwen! seelat_opalassschrauwen.jpg
Dekupéiersee ass asazbereet. dekupeiersee_asazbereet.jpg
Seeblat ouni Splënt
Uewen lassschrauwen seelat_opalassschrauwen.jpg
Den Seearem erofdrécken an dat alt Seeblat eraushuelen seekapp_erof.jpg
Seeblat fir d'éischt ënnen festschrauwen. Mat den Zänn no fir an t'ass se erof weisen! seeblat_aklemmen_ennen.jpg
Dës Seeblieder mussen festgeschrauft ginn! seeblat_festschrauwen.jpg
Uewen erëm alles festdréinen. Net iwwerdreiwen! seelat_opalassschrauwen.jpg
Dekupéiersee ass asazbereet. dekupeiersee_asazbereet.jpg
  • lb/chaosstuff/infrastructure/woodworking.txt
  • Last modified: 2022/03/03 23:11
  • by metalgamer