lb:organization:about:faq

no way to compare when less than two revisions

Differences

This shows you the differences between two versions of the page.


lb:organization:about:faq [2021/07/19 20:22] (current) – created metalgamer
Line 1: Line 1:
 +====== FAQ =======
  
 +Ier Dir eis kontaktéiert, liest w.e.g. dës FAQ.
 +
 +===== Kënnt Dir e FB / Twitter / Tinder / Instagram / WhatsApp / etc ... Kont hacken? =====
 +
 +Nee. Mir maachen keng illegal Saachen.
 +
 +===== Ech hunn e Virus / Trojaner / Cryptolocker / etc ... op mengem PC. Kënnt Dir et flécken? =====
 +
 +Nee. Mir si kee Reparaturdéngscht.
 +
 +===== Ech hunn en ale PC, wëlls dier deen? =====
 +
 +Nee, ausser vläicht wann et wierklech Vintage Hardware ass, dh Commodore 64 et al.
 +
 +===== Ech hunn Daten verluer. Kënnt Dir et erëmkréien? =====
 +
 +Nee, wéi scho gesot, mir sinn net e Reparaturdéngscht.
 +
 +===== Ech wëll e Service / Produit starten. Kënnt Dir et hacken fir d'Sécherheet ze testen? =====
 +
 +Nee.
 +
 +===== Ech wëll Bitcoin / Ether / Monero / <Füg äre Cryptocoin hei an>. Verkaaft Dir? =====
 +
 +Nee. Mir sinn och net de Büro vun der Blockchain. Wann Dir Bitcoin wëllt kafen, well een Iech eng E-Mail geschriwwen huet iwwert Videoen vun iech, wärend  dier verschiedene //erwuessene// Videoen gekuckt hutt. Schéckt hinnen keng Bitcoins! Et ass ee Betrug.
 +
 +===== Ech wëll de Telefon / E-Mail Kont / etc vun mengem Partner hacken ... =====
 +
 +Nee. Mir maachen keng illegal Saachen.
 +
 +===== Ech wëll Hacking léieren. Kënnt Dir mir et béibréngen? =====
 +
 +Nee. Fir eis ass Hacking eng Astellung zum Liewen an net onbedéngt eng Fäegkeet. Zousätzlech dozou ginn et genuch Sécherheetsfachleit, online, déi Coursen ubidden.
 +
 +===== Mäi Kand wëll technesch Saachen maachen. Kann hien an de Club kommen? =====
 +
 +Hänkt of. Wann d'Kand kann Verantwortung iwwer seng Handlungen iwwerhuelen, dann vläicht. Generell huele mir keng Verantwortung wa Verletzungen optrieden.
 +
 +===== Ech mengen ech si gehackt ginn. Kënnt Dir d'Hacker zréck hacken? =====
 +
 +Nee, awer mir kënnen Iech Empfehlungen ginn wéi Dir Är Apparater ofsécheren kënnt.
  • lb/organization/about/faq.txt
  • Last modified: 2021/07/19 20:22
  • by metalgamer