lb:organization:activity-reports:2021

This is an old revision of the document!


  • Mir haten 18 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt. Mir haten X oppe Méindeger wou interesseiert Leit konnte lanscht kommen.
  • Desweider ware mir mat 15 Pressernimmungen am Joer 2021 vertrueden.

D'Friddens- an Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg huet den 2te Januar e Protestpiquet virun der Ambassade vu Groussbritannien organiséiert un der mir deelgeholl hunn.

Mir hunn eise Positiounspabeier zur Copyrightreform der Press virgestallt. Passend dozou hunn mer och nach eng Websäit lanceiert an e Podcast erausbruecht.

De virii an de metalgamer haten eng Entrevue mat der CSV opgrond vun eisem Positiounspabeier zur Copyrightreform.

De 26ten Februar hunn d'Rotonden eng Table Ronde organiséiert mam Thema: Fighting back with technology : a talk with artists, hackers and activists. De virii war een vun den Invitéen.

De virii an de metalgamer haten eng Entrevue mat déi Gréng opgrond vun eisem Positiounspabeier zur Copyrightreform.

Mir sinn Partner ginn vun der pan-europäescher Biergerinitiatiiv ReclaimYourFace, déi sech fir ee Verbuet vun biometrescher Masseniwwerwachung asetzt!

Mir hunn eng Podcastepisod ënnert dem Titel "Mediekompetenz" opgeholl. An dëser Episod goung et mam Dr. Robert Reuter iwwert Mediekompetenz. Wat dat ass a firwat mir et brauchen!

De virii an de metalgamer haten eng Videokonferenz mam Generalsekretär vun der Chamber.

  • lb/organization/activity-reports/2021.1642543873.txt.gz
  • Last modified: 2022/01/18 23:11
  • by metalgamer