lb:organization:chaosmeetings:2017:cm-2017-22

ChaosMeeting 2017/22

Date 17/07/2017
Time 20:00
Location ChaosStuff
Location Opening ~16:00
Administrative Council Attendees metalgamer, virii, orimpe
Minutes Recording deflenken

Check our Request Tracker

  • Update to 2.1.1 Problemer

Et sinn Saachen schief gaangen. Mir mussen elo mei oppassen wann eng nei Firmware eraus kennt. Den Virii zitt sech aus diversen Grënn, aus dem Projet zeréck. Heen geet säin Acces of an këmmert sech nach bis Enn des Mounts em den Projet.

Shirtcity huet dem orimpe eng Email gemaach. Et goufen Problemer bei der Bestellung well hinnen feelt een Hoodie am L. Mir kréien dofir een Xl am Platz. Deen Preis fir een Daypass ass 10 Euro. An der Email mam Voucher Code, steet den Internetsite dran. Wann een nämlech esou op den Internetsite geet, dann fënnt een schwéier déi eenzel Ticken.

Den fantawams reservéiert deen Hotel. Heen schéckt eng Email ronderëm fir déi déi wëllen matgoen. Den metalgamer këmmert sech em't Ticketen. Et geet och nach eng Email ronderëm wann Leit wëllen dohinner goen. Mir brauchen Sponsoren fir Saachen kennen ze verkafen. Mir wollten d’Suen dann ënnert deenen 2 Asblen opdeelen. Deï Stee muss awer natierlech ugefrot ginn. Den Claus huet villäicht erëm gutt Saachen fir eis ze ginn. Mir kennen d'Tails an't Tor Tshirten villäicht nach verkafen. Een Dag virdrunner muss een opriichten goen. Béier, Club Mate an Flora Power geet mat fir ze verkafen.

Mer hun decidéiert kuerz virum an während der Schueberfouer keen Meeting an der Chaosstuff ze halen. Deï Woch nom Hackyard mann mer deen leschten Meeting bis no der Schueberfouer. Duerno geet ëmmer eng Email ronderëm geschéckt wou mer deen Meeting halen an och wéini!!

  • lb/organization/chaosmeetings/2017/cm-2017-22.txt
  • Last modified: 2019/05/09 13:10
  • by metalgamer