lb:organization:chaosmeetings:2020:cm-2020-11

ChaosMeeting 2020/11

Date 12/10/2020
Time 19:00
Location ChaosStuff
Location Opening ~17:00
Administrative Council Attendees: metalgamer, virii
Minutes Recording orimpe
  • Datenschleuder fir't Bibliothéiken – deflenken
  • Evaluatioun RT Tickets – deflenken
  • Communiqué Fichier Central V2 – deflenken
  • Copyright Reform in Luxembourg - Cooperation Request – metalgamer
  • Mail vum Staybehind (Professor Hofmann, IPads an der Schoul) – staybehind
  • Freifunk – fantawams

Mir hunn puer Datenschleudern wou mir un Bibliothéiken verdeelen wëllen. De deflenken huet eng Mail virbereet wou hien u puer Bibliothéiken mailt.

Funding puer Tickets, z.b.

  • Audio Setup (Ticket 568) → Bestellt den metalgamer
  • User Rack → Bestellt den virii
  • USV Batterie → Bestellt de virii

Mir hunn e Press communique geschriwwen iwwert den Fichier Centrale. Mir hunn puer infos vum 100,7 opgegraff. Nächst Woch geet een un't Press verschéckt. Als éischt kucken den virii an staybehind nach eng Kéier driwwer.

Mir goufen gefrot iwwert d'EDRI vun der Wikimedia fir e Positiouns pabeier ze schreiwen a Puntko EU Copyright Reform fir Lëtzebuerg. Mir kéinten eis um Pabéier vun der Belg orientéieren, et muss bis Ufank 2021 bei eisen Regierungs Vertrieder / Deputéierten sinn. Et wier besser wann de Pabéier op eiser Landessprooch ass. Mir missten do ebbes mat Kapp a Schwanz schreiwen, mind. zwou Säiten. An evt den Rechtlechen Background muss hannerfrot ginn. Rechtlech Ëmsetztung etc.

D'Ufro war un Frënn vun der Ënn gangen awer op Landesnieveau sinn mir eben als C3L bekannt.

DDS & d'Memberen schreiwen zesummen um Dokument. All 2 Wochen ongeféier wäert ee Mumble Meeting sinn, wäerd och am Kalenner stoen.. Matarbescht um Pad & Mumble ;eeting erwënscht. Deadline intern 15.12.2020 fir de Release ze planen.

Mir kéinten och ee Event zu Lëtzebuerg organiséieren wou mer Situatiuon hei am Land uschwätzen.

Firun 6 Méint war en Discours iwwer Ipad klassen an MS 365. Elo seit Covid ass dat ganzt nach méi vertrueden. GDPR an Safe habor 2.0 (Max Schrems Urteil 2) huet Wëllen geschloen. De Privacy Shield huet also virun Gericht nett bestan beim EGH.

Educatioun an de Saadt dierft nett Educatioun opbauen wou Konten nett geschützt sin. GPDR vs Datenofsaugen richtung America. An et wees keen an well keen driwwer nodenken. De Professeur Hofmann vun der UNI war am Team Schrems kéint e kontaktéieren fir iwwer dat Thema ze schwätzen an et als Club opzebereeden.

  • Virwaat sin eis Schoulen duerch trenkt vun amerikanescher Software wou Daten vun eisen Schüler an Proffen nett kënnen geschützt sin.
  • Weit wäit kann en den Produkter nach trauen?
  • Limux als Beispill, awer wat as zu Lëtz meiglech.

Wat den CTIE kann as dat och fir all Schüler meiglech. MS huet wuel keen Wëllen fir pro Land fragmenteiert Infrastruktur ze bedreiwen. Schoulen duerfen nett erzwengen wei eng Software Schüler mussen huelen.

TL:DR

Den staybehind kontaktéiert den Prof. Hofmann.

Mathëllef erwënscht. Et ass keen méi am Team wou Backend maintainen kann…

Mir sin mat den Saarbreckener an Kontakt getrueden fir evt. hiren Setup ze iwwerhuelen.

Optiounen:

  • Mir schmäissen hinn
  • Den Sid beäntwert eis d Froen an mir kréien alles un laafen
  • D Saarbreckener fannen d'Léisung (L2tp)
  • D Saarbreckener setzen mat eis den Backend nei op

Wie bei allem am Club, et muss e Leit bëssen bei der Hand huelen fir Nodes ze flashen, Flyer verdeelen, Blogposts an sou. Vleicht och mol e Pressrelease maachen, via Pressteam oder Podcast. Den metalgamer kuckt e puer Skripter ze debugen. Event zu Lëtzebuerg organiséieren wou mer Situatiuon hei am Land uschwätzen.

P.s Mir hunn e Sponsor fir e gudde Preis ze kréien fir Nodes ze kafen.

  • lb/organization/chaosmeetings/2020/cm-2020-11.txt
  • Last modified: 2020/10/21 21:45
  • by metalgamer