lb:organization:chaosmeetings:2021:cm-2021-09

This is an old revision of the document!


ChaosMeeting 2021/09

Date 10/05/2021
Time 20:00
Location Mumble
Administrative Council Attendees: metalgamer, virii
Minutes Recording

Freifunk

Éischten Ticket huet jiddwereen säin Go ginn. D'Routere ginn kaf. Zweeten Ticket bleift bestoen. Verschidde Membere mussen sech do nach Saachen ukucken bis eng Decisioun huelen. Drëtten Ticket. De fantawams mécht e Rappell! Et kann een awer just Shirts an Hoodies reservéieren. Wann net genuch Reservatioune gemaach ginn da geet neicht bestallt well sos de Preis einfach ze héisch ass. Verschidde Leit haten sech schonn eng Kéier gemellt a Saache reservéiert. Déi goufen deemools leider net bestallt. Déi Reservéierungen bleiwen awer gülteg. Géif et elo erëm dozou kommen dass neicht bestallt geet kréien déi Leit hier Suen natierlech erëm. Sie musse sech just un de virii wenden. Véierten Ticket. De fantawams well déi kafen fir de Freifunk Projet. Demande no deenen ass do. De Fanta mécht een Ticket op fir déi ze bestelle. Wenn der well matbestellen muss just bescheet soen.

ReclaimYourFace

Den C3L huet e Bréif ënnerschriwwen géint biometrescher Iwwerwaachung. De metalgamer krut nei't Material fir Reklamm ze mann fir d'Campagne. D'Iwwersetzung vun der Websäit ass ofgeschloss. Den metalgamer geet déi un'd Organisateure weider.

  • lb/organization/chaosmeetings/2021/cm-2021-09.1620672623.txt.gz
  • Last modified: 2021/05/10 20:50
  • by chrescht