lb:organization:community_contact

Kontakt zur Communautéit

Déi meescht vun eis schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch an/oder Franséisch. Schreif eis an där Sprooch déi Iech am beschten läit! (Am meeschten Gléck hu der awer bei LB/EN)

Mir recommandéieren jidderengem deen up2date well bleiwen, eis op Twitter & Mastodon ze followen.

Twitter Mastodon
@c3l_ @c3l@chaos.social

Eng Iwwersiicht iwwert eis Mailinglëschten fënnt een ënnert lists.c3l.lu

D'Announce Mailinglescht ass fir iwwert gréisser Events an aneren Publikatiounen vum Club ze informéieren.

Eis Chaosstuff Mailinglëscht ass fir jiddereen op. Hei kann een iwwert alles schwätzen wat mat eisem Hackerspace ze dinn huet.

D'Intern Mailinglëscht ass fir just fir déi sougenannten "Fullmember". Hei ginn Aktiounen koordinéiert, iwwert Projeten geschwat an alles wat de Club u sech betrefft. Dës Mailinglëscht ass net ëffentlech!

Eisen XMPP/Jabber Server ass fir all Member zougänglech fir mateneen ze chatten. Dernieft erméiglecht den offiziellen MUC vum C3L och fir digital un ChaosMeetings deelzehuelen.

xmpp://c3l@conference.c3l.lu

Mir hunn och een IRC Channel um hackint Netzwierk mä dësen ass éischter pro-forma do, a net gutt besicht. Mir benotzen haaptsächlech XMPP zur Kommunikatioun an Echtzäit.

irc://irc.hackint.org/c3l
  • lb/organization/community_contact.txt
  • Last modified: 2019/01/28 20:39
  • by metalgamer