This is an old revision of the document!
~~NEWSFEED:<3>~~
News
Meshcore Workshop vum C3L & LARU
Den 20. Juni huet den LARU op säin Fieldday invitéiert wou mir d'Méiglechkeet haten, zesummen mat hinnen, een Workshop/Talk iwwert Meshcore ze halen.
Dësen Virtrag huet sech éischter u Leit geriicht, déi sech well e bëssi mat Meshcore auskennen. Mir hunn zum Beispill iwwert Regions geschwat, Air Time, Loop Detection, Integratioun an d'Home Automatisation. A natierlech hu mir den Meshnet Lëtzebuerg Projet u sech nach eemol virgestallt.
Nach méi interessant an wichteg, war awer datt deen Ament, all nationalen Acteur sur-place war, deen beim Meshcore Ausbau hei am Land hëlleft.
Doduerch konnten mir eis organiséieren an hunn e puer Standards ausgeschafft, déi dann och vun all Acteur agehalen gëtt.
Wichteg ass, datt et net just eng Organisatioun gëtt, déi alles diktéiert, mee déi 4 Organisatiounen sech lo mol als labber Unioun zesummengedoen hunn.
Mir schwätzen hei notamment vun den Organisatiounen:
Sou gouf festgehalen, datt d'Domain meshcore.lu als Landing Page soll genotzt ginn, wou op 1 Coup all wichteg Informatiounen drop stinn. Notamment, wat sinn eis national Region(s), wéi eng Regions aus den Nopeschlänner ënnerstëtzen mir, wat fir een Path Hash Size benotzen mir, Air Time, an d'Noutwennegkeet vun korrekten Owner Informatiounen.
| National Regions | EU & Nopeschlänner Regions | Air Time | Path Hash Size |
|---|---|---|---|
| #luxembourg | #europe #saarlorlux | 9 | 2> |
An d'Basics bleiwen wéi virdrunner schonn s esou bestoen:
| Frequenz | Preset | Bandwidth | Spreading factor | Coding rate |
|---|---|---|---|---|
| 869.618MHz | EU/UK Narrow | 62.5kHz | 8 | 8 |
| |
Meshcore Ausbau am Norden
Uganks Juni war et souwäit, a mir konnten an zesummenaarbecht mat der DEA (Distribution d’Eau des Ardennes), eng Rëtsch nei Meshcore Repeater montéieren. Déi Nodes hëllefen massiv dobäi, den Norden vum Land ofzedecken, sou datt zum Beispill an enger Kris, eng séier, reliabel an autonom Kommunikatioun kann gewährleescht ginn!
Follgend Plazen kruten jeeweils een autarken Solar Node mat enger 6dbi Antenn drun:
3 Weider PoE Nodes mat jeeweils 3 an/oder 6 dbi sinn nach zu Lentzwéiler, Bombatsch (Ausgang Maarnech Richtung Fëschbech) an Useldeng ze montéieren.
Ausserdeem konnten mir d'Ekippen mat 10 Meshcore Companions ekipéieren. Doduerch konnten mir eng Kommunikatioun tëscht den verschiddenen Sitten direkt schonn s testen.
Meshnet Lëtzebuerg
Mir hunn e neie Projet, an deem mir alles, wat mat Mesh-Technologie ze dinn huet, ënner meshnet.lu zesummefaassen.
Dëst ëmfaasst ënner anerem lafend Projeten wéi Freifunk Lëtzebuerg, wéi awer och neies wéi Meshtastic a Meshcore.
Momentan konzentréiere mir eis awer drop, Meshcore zu Lëtzebuerg auszebauen an seng Benotzung ze analyséieren.
Wann Dir elo direkt en Iwwerbléck iwwer Meshcore hei am Land wëllt kréien, dann kuckt w.e.g. op live.meshnet.lu.
Eng dedizéiert Websäit am Stil vu Freifunk steet och geschwënn zur Verfügung.
Do wäerte mir Konfiguratiounen, Guiden fir Nodes selwer ze bastelen, Best Practices an de juristesche Kader zu Lëtzebuerg publizéieren.
Vorratsdatespäicherung - Eng never ending story
2014 huet deen europäeschen Geriichtshaff fir d'éischte Kéier an engem Urteel festgehalen, dass Vorratsdatespeicherung esou net dierf weider applizéiert ginn. Eiser Regierung war dëst awer häerzlechst egal.
Et huet een sech ëmmer hannert enger Léisung op EU Niveau verstoppt, déi awer ni zu Stane komm ass. Legal war dëst natierlech net, mee d'Grondrechter vun de Bierger kann een jo mat Féiss trëppelen. No 8 Joer ass et dann elo endlech esou wäit an een Projet de Loi läit fir.
Kann een mat dësem Projet de Loi zefridde sinn? Dat ass séier mat engem fatzegen Nee!, beäntwert. Dëse Projet de Loi gesäit weiderhin fir, dass massiv Donnéeën vun de Bierger gesammelt an 6 Méint laang mussen gespäichert ginn. Anscheinend huet een sech net genau mat deen Urteeler beschäftegt well an deenen steet klipp a kloer: D'Iwwerwaachung muss op een strikten Minimum limitéiert ginn. Wat dorunner net ze verstoen ass, froe mir eis och. Eis Regierung, huet et sech einfach gemaach an orientéiert sech ferm un der Belsch. Keng eegen Iddien, keng eegen Recherchen, keng Eegeverantwortung.
Wann een, esou wéi mir dat schonns vun Ufank u maachen, d'VDS kritiséiert, dann gëtt jee no Gusto, d'Terror- oder organiséiert Verbriechen-Keul ausgepaakt. Dobäi erwäänt d'Ministesch awer net, datt all Zort vun Klengkriminalitéit ënnert d'VDS fält. Sou soll Justiz Zougrëff op déi Daten kréien, wann d'Héchststrof fir eng Dot bei op mannst, engem Joer Prisong läit. Dorënner fält zimmlech vill, sou zum Beispill och, Beleidegung vun engem Deputéierten. Dat huet deemools souguer den Xavier Bettel kritiséiert. Den Ex Minister Braz wollt dowéinst och 33 Strofdoten am Gesetz verankeren, wéini d'VDS géif gräifen. Dozou koum et awer ni. Den EU Geriichtshaff huet et 2014 zu enger Bedingung gemaach, datt bei enger VDS, d'Beruffsgeheimnis extra misst geschützt ginn. Am Projet de Loi fënnt een derzou näischt. Och keen Wuert zum Quelleschutz vun den Journalisten. Alles gekonnt ignoréiert ginn.
Vu wéi engen Daten schwätzen mir hei? Vun den sougenannten Metadaten. Wa mir lo een Uruff als Beispill huelen, dann gëtt Folgendes fir 6 Méint gespäichert:
- D'Auerzäit
- D'Längt
- Mat wiem telefonéiert gouf.
- Vu wou telefonéiert gouf.
- Eventuell souguer mat wéi engem Telefon, wat fir eng Software drop leeft asw
Zwar gëtt den Inhalt vum Uruff net gespäichert mee mat den Metadaten kann een ganz séier Réckschlëss op den Inhalt zéien. Wann dir zum Beispill engem Affekot mat Spezialisatioun am Scheedungsrecht urufft, ass séier gekläert ëm wat et geet. Wann dir engem Onkolog urufft, geet et bei dem Gespréich wuel net just ëm d'Gripp. Metadaten kënnen also deemno wéi méi interessant sinn ewéi den Inhalt selwer.
Wou "grouss" Massen u Leit beieneen kommen, dierf monter drop lass gespäichert ginn. Och do, wou et een "erhéichten Kriminalitéitstaux" gëtt. Et gëtt awer keng Definitioun wat eng "grouss" Mass ass. Sinn dat 10 Leit? Sinn dat der 100 oder 1000? Wou ass, deen "Kriminalitéitstaux" dann méi héich? An der Groussgaass? An der Chamber? Op der Tankstell oder am Akafszenter? D'Ministesch gëtt d' Beispill vun der Stater Gare, wou eng VDS weider aktiv bleift. Trëfft dat och op aner Garen zou? Wat ass den geneeën Krittär, datt eng VDS gesetzlech gerechtfäerdegt ass? An wei engen Zonen, dierf iwwerwaacht ginn a wéi eng net? Dat gëtt een net gewuer. Eng "Commission consultative", déi sech hannert zouenen Dieren trëfft, hëllt déi Entscheedung.
Déi Kommissioun leet also déi ominéis Zonen fest. Wien an déi Kommissioun kënnt, an op déi Zonen einfach esou kënnen geännert, erweidert oder réckgängeg gemaach ginn, dat ass net weider definéiert. Dat bescht ass awer, datt fir d'éischt Gesetz muss gestëmmt ginn an dann eréischt 3 Méint méi spéit, déi Kommissioun mol zesummen kënnt. Wéi der Däiwel soll een Deputéierten seng Aarbecht maachen, wann nach net mol kloer ass, wou dann elo genee eng Vorratsdatespäicherung weiderhin bestoen bleift?! Een Bericht soll dann och just all 3 Joer, der Chamber präsentéiert ginn. Eng verdachtslos Masseniwwerwaachung kann dach net just all 3 Joer op hier Legitimitéit hin gepréift ginn?
Dat ass dach alles een schlechten Witz.
Elo bléift just nach ze hoffen, datt den Staatsrot een negativen Avis ofgëtt. Eventuell kéint eis Regierung jo mol mat ëffentlechen Acteuren schwätzen, déi och Anung vun der Matière hunn a sech net nëmmen vum SRE oder der Police eppes opschwätzen loossen.
D'Vorratsdatespäicherung ass opgehuewen, sou eis Ministesch. Wat hu mir gutt gelaach!
Sometimes the scandal is not what law was broken, but what the law allows. - Edward Snowden
Chatkontroll - D'Kaz ass aus dem Sak
D'EU-Kommissioun huet hir Pläng fir eng sougenannte Chatkontroll anzeféieren, präsentéiert. D'Kommissioun huet dës Propose lancéiert fir kënnen aktiv géint Kannermëssbrauch virzegoen. Wat u sech gutt kléngt, ass ee risegen Aschnëtt an eis Privatsphär. Grouss Plattformen oder Kommunikatiounsappe wei:
- Facebook
- WhatsApp
- TikTok
- Instagram
- Signal
- Telegram a Co.
solle gezwonge gi reegelméisseg, privat Noriichte vun hire Benotzer, automatesch ze duerchliichten. Egal op dës verschlësselt sinn oder net. Dëst soll automatiséiert, direkt ob de Geräter vun de Benotzer, geschéien. Soubal dëse Filter eppes Suspektes erkennt, géif de Contenu, egal op Biller, Videoen oder Text, un eng nei erschaaften EU-Agence geleet ginn, déi dës da solle kontrolléieren. Esou automatiséiert Filteren hunn ëmmer hier Feelerquoten. Dat féiert dozou, dass honnertdausende vun Noriichten, falsch markéiert ginn.
Bis elo ass net kloer, wien dës Erkennungsalgorithmen an Datebanken definéiert a kontrolléiere kann. Et ass awer elo scho gewosst, dass esou een ontransparent System, an der Zukunft wäert erweidert ginn.
Net nëmme Journalisten an Whistleblower, sinn op vertrauenswierdeg Kommunikatioun ugewisen
Den Zweck hellegt och hei net d'Mëttelen. Dat seet souguer den Däitschen Kannerschutzbond. Well net nëmme Journalisten an Whistleblower, sinn op vertrauenswierdeg Kommunikatioun ugewisen, mee se ass och ee wichtegen Eckpfeiler vun der IT-Sécherheet an domadder och fir dech a mech.
Dëst ass ee massiven Aschnëtt an d'Privatsphär vun den Notzer, wëll se d'Kontroll doriwwer verléieren, wéi eng Donëen se mat wiem deelen. En vertrauleche Message, eng Foto vum leschten Kannergebuertsdag oder de Video vun der Bomi un hier Enkelen. Alles dat kann a wäert mussen gescannt a vun engem Drëtten kontrolléiert ginn. D'Grondvertrauen an déi eegen Geräter ass domadder zerstéiert!
D'Bierger ginn esou alt erëm direkt ënner Generalverdacht gestallt, ënnert dem Deckmantel vun der Bekämpfung vu Kannermëssbrauch. Déi Kriminell benotzen hautdesdaags Déngschter, déi net géifen ënnert dëse Massenscan falen, fir hir Dot ze begoen. Doduerch ass dës Moossnam och nach komplett sënnfräi.
De Chaos Computer Club Lëtzebuerg wäert national ewéi och op EU-Niveau sech mat aneren Organisatiounen a Partner zesummendoen, fir dass dës Iddi net wäert duerchkommen. D'EU-Kommissioun muss hiren Entworf verwerfen an sech aner Weeër ausdenke wei ee ka géint Kannermëssbrauch virgoen. Kanner schützt een net, andeems een eng digital Iwwerwaachungskultur schaaft.
Eng Chatkontroll ass als fundamental feelgeleeten Technologie, grondsätzlech mat aller Vehemenz, ofzeleenen.




