news

This is an old revision of the document!


The wiki is under reorganization; please give us some time to finish restructure.

News

Vorratsdatespäicherung - Eng never ending story

2014 huet deen europäeschen Geriichtshaff fir d'éischte Kéier an engem Urteel festgehalen, dass Vorratsdatespeicherung esou net dierf weider applizéiert ginn. Eiser Regierung war dëst awer häerzlechst egal.

Et huet een sech ëmmer hannert enger Léisung op EU Niveau verstoppt, déi awer ni zu Stane komm ass. Legal war dëst natierlech net, mee d'Grondrechter vun de Bierger kann een jo mat Féiss trëppelen. No 8 Joer ass et dann elo endlech esou wäit an een Projet de Loi läit fir.

Kann een mat dësem Projet de Loi zefridde sinn? Dat ass séier mat engem fatzegen Nee!, beäntwert. Dëse Projet de Loi gesäit weiderhin fir, dass massiv Donnéeën vun de Bierger gesammelt an 6 Méint laang mussen gespäichert ginn. Anscheinend huet een sech net genau mat deen Urteeler beschäftegt well an deenen steet klipp a kloer: D'Iwwerwaachung muss op een strikten Minimum limitéiert ginn. Wat dorunner net ze verstoen ass, froe mir eis och. Eis Regierung, huet et sech einfach gemaach an orientéiert sech ferm un der Belsch. Keng eegen Iddien, keng eegen Recherchen, keng Eegeverantwortung.

Fun with metadata
Source Medium
Author Matt Bors

Wann een, esou wéi mir dat schonns vun Ufank u maachen, d'VDS kritiséiert, dann gëtt jee no Gusto, d'Terror- oder organiséiert Verbriechen-Keul ausgepaakt. Dobäi erwäänt d'Ministesch awer net, datt all Zort vun Klengkriminalitéit ënnert d'VDS fält. Sou soll Justiz Zougrëff op déi Daten kréien, wann d'Héchststrof fir eng Dot bei op mannst, engem Joer Prisong läit. Dorënner fält zimmlech vill, sou zum Beispill och, Beleidegung vun engem Deputéierten. Dat huet deemools souguer den Xavier Bettel kritiséiert. Den Ex Minister Braz wollt dowéinst och 33 Strofdoten am Gesetz verankeren, wéini d'VDS géif gräifen. Dozou koum et awer ni. Den EU Geriichtshaff huet et 2014 zu enger Bedingung gemaach, datt bei enger VDS, d'Beruffsgeheimnis extra misst geschützt ginn. Am Projet de Loi fënnt een derzou näischt. Och keen Wuert zum Quelleschutz vun den Journalisten. Alles gekonnt ignoréiert ginn.

Vu wéi engen Daten schwätzen mir hei? Vun den sougenannten Metadaten. Wa mir lo een Uruff als Beispill huelen, dann gëtt Folgendes fir 6 Méint gespäichert:

  • D'Auerzäit
  • D'Längt
  • Mat wiem telefonéiert gouf.
  • Vu wou telefonéiert gouf.
  • Eventuell souguer mat wéi engem Telefon, wat fir eng Software drop leeft asw

Zwar gëtt den Inhalt vum Uruff net gespäichert mee mat den Metadaten kann een ganz séier Réckschlëss op den Inhalt zéien. Wann dir zum Beispill engem Affekot mat Spezialisatioun am Scheedungsrecht urufft, ass séier gekläert ëm wat et geet. Wann dir engem Onkolog urufft, geet et bei dem Gespréich wuel net just ëm d'Gripp. Metadaten kënnen also deemno wéi méi interessant sinn ewéi den Inhalt selwer.

Wou "grouss" Massen u Leit beieneen kommen, dierf monter drop lass gespäichert ginn. Och do, wou et een "erhéichten Kriminalitéitstaux" gëtt. Et gëtt awer keng Definitioun wat eng "grouss" Mass ass. Sinn dat 10 Leit? Sinn dat der 100 oder 1000? Wou ass, deen "Kriminalitéitstaux" dann méi héich? An der Groussgaass? An der Chamber? Op der Tankstell oder am Akafszenter? D'Ministesch gëtt d' Beispill vun der Stater Gare, wou eng VDS weider aktiv bleift. Trëfft dat och op aner Garen zou? Wat ass den geneeën Krittär, datt eng VDS gesetzlech gerechtfäerdegt ass? An wei engen Zonen, dierf iwwerwaacht ginn a wéi eng net? Dat gëtt een net gewuer. Eng "Commission consultative", déi sech hannert zouenen Dieren trëfft, hëllt déi Entscheedung.

Déi Kommissioun leet also déi ominéis Zonen fest. Wien an déi Kommissioun kënnt, an op déi Zonen einfach esou kënnen geännert, erweidert oder réckgängeg gemaach ginn, dat ass net weider definéiert. Dat bescht ass awer, datt fir d'éischt Gesetz muss gestëmmt ginn an dann eréischt 3 Méint méi spéit, déi Kommissioun mol zesummen kënnt. Wéi der Däiwel soll een Deputéierten seng Aarbecht maachen, wann nach net mol kloer ass, wou dann elo genee eng Vorratsdatespäicherung weiderhin bestoen bleift?! Een Bericht soll dann och just all 3 Joer, der Chamber präsentéiert ginn. Eng verdachtslos Masseniwwerwaachung kann dach net just all 3 Joer op hier Legitimitéit hin gepréift ginn?

Dat ass dach alles een schlechten Witz.

Elo bléift just nach ze hoffen, datt den Staatsrot een negativen Avis ofgëtt. Eventuell kéint eis Regierung jo mol mat ëffentlechen Acteuren schwätzen, déi och Anung vun der Matière hunn a sech net nëmmen vum SRE oder der Police eppes opschwätzen loossen.

D'Vorratsdatespäicherung ass opgehuewen, sou eis Ministesch. Wat hu mir gutt gelaach!

Sometimes the scandal is not what law was broken, but what the law allows. - Edward Snowden

2023/04/21 10:42 · virii
This Phone Is Tapped
Source Flickr
Author david drexler

D'EU-Kommissioun huet hir Pläng fir eng sougenannte Chatkontroll anzeféieren, präsentéiert. D'Kommissioun huet dës Propose lancéiert fir kënnen aktiv géint Kannermëssbrauch virzegoen. Wat u sech gutt kléngt, ass ee risegen Aschnëtt an eis Privatsphär. Grouss Plattformen oder Kommunikatiounsappe wei:

  • Facebook
  • WhatsApp
  • TikTok
  • Instagram
  • Signal
  • Telegram a Co.

solle gezwonge gi reegelméisseg, privat Noriichte vun hire Benotzer, automatesch ze duerchliichten. Egal op dës verschlësselt sinn oder net. Dëst soll automatiséiert, direkt ob de Geräter vun de Benotzer, geschéien. Soubal dëse Filter eppes Suspektes erkennt, géif de Contenu, egal op Biller, Videoen oder Text, un eng nei erschaaften EU-Agence geleet ginn, déi dës da solle kontrolléieren. Esou automatiséiert Filteren hunn ëmmer hier Feelerquoten. Dat féiert dozou, dass honnertdausende vun Noriichten, falsch markéiert ginn.

Bis elo ass net kloer, wien dës Erkennungsalgorithmen an Datebanken definéiert a kontrolléiere kann. Et ass awer elo scho gewosst, dass esou een ontransparent System, an der Zukunft wäert erweidert ginn.

Den Zweck hellegt och hei net d'Mëttelen. Dat seet souguer den Däitschen Kannerschutzbond. Well net nëmme Journalisten an Whistleblower, sinn op vertrauenswierdeg Kommunikatioun ugewisen, mee se ass och ee wichtegen Eckpfeiler vun der IT-Sécherheet an domadder och fir dech a mech.

Dëst ass ee massiven Aschnëtt an d'Privatsphär vun den Notzer, wëll se d'Kontroll doriwwer verléieren, wéi eng Donëen se mat wiem deelen. En vertrauleche Message, eng Foto vum leschten Kannergebuertsdag oder de Video vun der Bomi un hier Enkelen. Alles dat kann a wäert mussen gescannt a vun engem Drëtten kontrolléiert ginn. D'Grondvertrauen an déi eegen Geräter ass domadder zerstéiert!

D'Bierger ginn esou alt erëm direkt ënner Generalverdacht gestallt, ënnert dem Deckmantel vun der Bekämpfung vu Kannermëssbrauch. Déi Kriminell benotzen hautdesdaags Déngschter, déi net géifen ënnert dëse Massenscan falen, fir hir Dot ze begoen. Doduerch ass dës Moossnam och nach komplett sënnfräi.

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg wäert national ewéi och op EU-Niveau sech mat aneren Organisatiounen a Partner zesummendoen, fir dass dës Iddi net wäert duerchkommen. D'EU-Kommissioun muss hiren Entworf verwerfen an sech aner Weeër ausdenke wei ee ka géint Kannermëssbrauch virgoen. Kanner schützt een net, andeems een eng digital Iwwerwaachungskultur schaaft.

Eng Chatkontroll ass als fundamental feelgeleeten Technologie, grondsätzlech mat aller Vehemenz, ofzeleenen.

2022/05/14 23:46 · virii

Wéi dir bestëmmt wësst, huet d’Lëtzebuerger Regierung bis de 7. Juni Zäit, fir d’“Digital Single Market” Direktiv (2019/790), wou et ëm d’Auteursrechter/Copyright geet, an ee nationaalt Gesetz ëmzesetzen. Dës Gesetzgebung wäert d’Reegelen nei gestalten, déi d’Benotzererfarung vun haut massiv beaflossen.

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg huet dozou ee Positiounspabeier geschriwwen deen déi bescht méiglechst Implementatioun vun deene verschiddenen Artikelen vun dëser Direktiv opgräift.

Den Oflaf vun der Pressekonferenz gesäit folgendermoossen aus:

  • 13:30 Entrée & Verdeelung vum Positiounspabeier
  • 14:00 Ufank vun der Pressekonferenz
  • 14:45 Froeronn
  • 15:15 Ofschloss

Mir lueden Iech dowéinst häerzlechst den 1ten Februar ab 13:30 Auer an d’Victor Hugo Hal, iwwer d’Säitenentrée op den zweete Stack, ze komme wou mir eise Positiounspabeier wäerte virstellen an eis Websäit lancéieren.

Opgrond vun den aktuelle Mesure biede mir iech, eis kuerz Bescheed ze soen ob dir kommt an zu wéi vill.

Mat frëndleche Gréiss, Chaos Computer Club Lëtzebuerg

2021/01/29 15:06 · metalgamer
  • news.1439680805.txt.gz
  • Last modified: 2015/08/16 01:20
  • by prometheus