news

This is an old revision of the document!


The wiki is under reorganization; please give us some time to finish restructure. This may take some days.

~~NEWSFEED:<3>~~

News

Den 20. Juni huet den LARU op säin Fieldday invitéiert wou mir d'Méiglechkeet haten, zesummen mat hinnen, een Workshop/Talk iwwert Meshcore ze halen. Dësen Virtrag huet sech éischter u Leit geriicht, déi sech well e bëssi mat Meshcore auskennen. Mir hunn zum Beispill iwwert Regions geschwat, Air Time, Loop Detection, Integratioun an d'Home Automatisation. A natierlech hu mir den Meshnet Lëtzebuerg Projet u sech nach eemol virgestallt.

Nach méi interessant an wichteg, war awer datt deen Ament, all nationalen Acteur sur-place war, deen beim Meshcore Ausbau hei am Land hëlleft.
Doduerch konnten mir eis organiséieren an hunn e puer Standards ausgeschafft, déi dann och vun all Acteur agehalen gëtt.
Wichteg ass, datt et net just eng Organisatioun gëtt, déi alles diktéiert, mee déi 4 Organisatiounen sech lo mol als labber Unioun zesummengedoen hunn.
Mir schwätzen hei notamment vun den Organisatiounen:

Sou gouf festgehalen, datt d'Domain meshcore.lu als Landing Page soll genotzt ginn, wou op 1 Coup all wichteg Informatiounen drop stinn. Notamment, wat sinn eis national Region(s), wéi eng Regions aus den Nopeschlänner ënnerstëtzen mir, wat fir een Path Hash Size benotzen mir, Air Time, an d'Noutwennegkeet vun korrekten Owner Informatiounen.

National Regions EU & Nopeschlänner Regions Air Time Path Hash Size
#luxembourg #europe #saarlorlux 9 2>


An d'Basics bleiwen wéi virdrunner schonn s esou bestoen:

Frequenz Preset Bandwidth Spreading factor Coding rate
869.618MHz EU/UK Narrow 62.5kHz 8 8



img_20260620_145918361_hdr.jpg img_20260620_152934752_hdr.jpg
2026/06/22 12:28 · virii

Uganks Juni war et souwäit, a mir konnten an zesummenaarbecht mat der DEA (Distribution d’Eau des Ardennes), eng Rëtsch nei Meshcore Repeater montéieren. Déi Nodes hëllefen massiv dobäi, den Norden vum Land ofzedecken, sou datt zum Beispill an enger Kris, eng séier, reliabel an autonom Kommunikatioun kann gewährleescht ginn!

10W Solarmodul & 6dbi Antenn mat integréiertem Bandpassfilter

Follgend Plazen kruten jeeweils een autarken Solar Node mat enger 6dbi Antenn drun:

3 Weider PoE Nodes mat jeeweils 3 an/oder 6 dbi sinn nach zu Lentzwéiler, Bombatsch (Ausgang Maarnech Richtung Fëschbech) an Useldeng ze montéieren.

Ausserdeem konnten mir d'Ekippen mat 10 Meshcore Companions ekipéieren. Doduerch konnten mir eng Kommunikatioun tëscht den verschiddenen Sitten direkt schonn s testen.

2026/06/22 11:12 · virii

Mir hunn e neie Projet, an deem mir alles, wat mat Mesh-Technologie ze dinn huet, ënner meshnet.lu zesummefaassen.
Dëst ëmfaasst ënner anerem lafend Projeten wéi Freifunk Lëtzebuerg, wéi awer och neies wéi Meshtastic a Meshcore.

Momentan konzentréiere mir eis awer drop, Meshcore zu Lëtzebuerg auszebauen an seng Benotzung ze analyséieren.
Wann Dir elo direkt en Iwwerbléck iwwer Meshcore hei am Land wëllt kréien, dann kuckt w.e.g. op live.meshnet.lu.

Eng dedizéiert Websäit am Stil vu Freifunk steet och geschwënn zur Verfügung.
Do wäerte mir Konfiguratiounen, Guiden fir Nodes selwer ze bastelen, Best Practices an de juristesche Kader zu Lëtzebuerg publizéieren.

2026/06/22 10:04 · virii
  • news.1439680819.txt.gz
  • Last modified: 2015/08/16 01:20
  • by prometheus