news:2018:0226_filter_funktioneieren_net

Action disabled: source

Filter funktionéieren net



Fir d’éischt: Filter si ganz schlecht beim erkenne vun Inhalter. Et ginn e ganze Koup Beispiller dofir:

  • De Schoulmeeschter säi Léiermaterial dat blockéiert gouf
  • D’Biller vun der Marslandung, déi ongewollt op enger Sperrlëscht gelant sinn
  • Zéngdausend vu Videoen, déi Krichsverbriechen a Syrien dokumentéieren an déi vu YouTubes Filter geläscht goufen.

Automatesch Filter, filteren ze wéineg (loosse Saachen duerch, di sollte geblockt ginn) an awer och ze vill (blockéieren Inhalter, di net geblockt solle ginn).

Den Internet-filter gouf virgeschloen, fir Copyrightverstéiss ze verhënneren. D’Urheberrecht ass awer ze komplex fir eng eenzeg Léisung, di sech wéi d’Aaxt am Bësch ka verhalen.
Zum Beispill: Dacks ass et zoulässeg, geschütztent Material als Zitat oder als Satir ze benotzen. Heiansdo ass et dat awer och net. Meeschtens ass et esou onkloer, ob eppes erlaabt ass oder net, dass de Fall viru Gericht muss entscheet ginn. Dat si keng Entscheedungen, déi een engem automatesche Filter iwwerloosse wéilt.

Ob laang Sicht geet et net em Copyright. Wann et no de Politiker goe géif, géife Filter dofir benotzt ginn, fir Videoen ze blockéieren oder fir ongewollte politesch Meenungen am Keim ze erstécken.

Ee Beispill dofir: Spuenien huet en Internet-filter fir illegal Glécksspillsäiten ze bekämpfen. De selwechte Filter gouf awer och benotzt, fir d’katalanescht Referendum ze verhënneren. Fir et kuerz ze maachen: Wann mir net elo handelen, dann treffen d’Politiker eng Entscheedung, di der Meenungsfräiheet massiv entgéint wierkt.

Déi kommend Wochen sinn entscheedend! Tweet oder schreif eng E-Mail un deng EU Deputéiert am JURI-Comité. De 26. a 27. Mäerz, entscheet eis Europa-Deputéiert mat iwwert den Internet-Filter. Notz d’Hashtags #CensorshipMaschine an #filterfail fir ze weisen, datt s du géint den Internet-Filter am Artikel 13 bass. Lëtzebuergesch Europa-Deputéiert am JURI-Comité ass:

Mir hunn well e puer Tweets virbereet (Dat soll iech net dovunner ofhalen, selwer kreativ ze ginn):

.@mady_delvaux Stitt op fir eis Meenungsfräiheet online. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Stitt fir eis Online-Privatsphär. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Weist, datt iech Privatsphär a Meenungsfräiheet fir d’Bierger wichteg ass. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Internet-Filter funktionéieren net. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!

Politiker wëllen ongëeegent Filteren etabléiere fir den Internet kënnen ze kontrolléieren:
Deng Ënnerstëtzung ass gefuerdert!

  • news/2018/0226_filter_funktioneieren_net.txt
  • Last modified: 2018/02/26 21:47
  • by virii