news:2019:0327_ee_schwaarzen_dag_fir_europa

Ee schwaarzen Dag fir Europa

Den 26ten Mäerz huet d'EU Parlament fir déi geplangte Copyrightreform gestemmt. Déi massiv negativ Konsequenzen, vun dëser immens schlecht duerchduechten Reform, wäerte mer eréischt an een puer Méint, respektiv maximal 2 Joer, ze spieren kréien. Den Internet, sou wei mer en hautdesdaags kennen, wäert dann net méi existéieren.

Wat mer wäerten hunn, ass eng Entmëndegung vun all Benotzer, well automatiséiert Filteren elo entscheeden, wat däerf publizéiert ginn a wat net. Mer hunn schonn dacks drop higewisen, datt Filtere Feelerufälleg sinn. Sou wäert Contenue säi Wee op eng Plattform ni fannen, esou wéi dat leider schonn den Fall op Youtube ass, mat ënnert anerem, Krichsreportagen.

D´EU Parlament huet domadder d´Chance verspillt, net nëmmen eng besser Copyrightreform op den Instanzewee ze bréngen, mä huet och ee negatiivt Bild ob seng eegen Demokratie geworf. Ënnert anerem mat Aussoen, vum Här Axel Voss, deen Zéngdausende vu Bierger, besonnesch Jonker, ënnerstellt, dass si manipuléiert gi wieren oder, vum Här Daniel Caspary, deen de Demonstrante virgeheit, si wieren dofir bezuelt ginn. Dëst Trauerspill bréngt elo mat sech, datt eng ganz Generatioun, d'Vertrauen an eng EU verléiert, déi souwisou schonns een Imageschued huet. D'Signal ass kloer: All deng Wënsch an däi Protest loossen d'Politiker kal a se maache wéi et hinne vun den Lobbyisten opgedroe ginn ass.

D'Kënschtler wäerten an e puer Joren nach ëmmer net besser bezuelt gi fir hier Wierker, vu-que dass Youtube, Google an Co net ka mat all eenzele Kreateur een Arrangement fannen an och net mat all den Vertrieder vun den Kënschtler. Am Endeffekt wäert Zensur an Vertrauensbroch déi eenzeg Resultater vun dëser Reform sinn.

Et ass een Konflikt zwëschent den Generatiounen an et ass een Konflikt zwëschent deenen, déi eppes vum Internet verstinn an deenen déi anachronistesch Mëttele wëllen ob déi nei Medien uwenden. Eng läscht Chance gëtt et nach. Den 9ten Abrëll muss den europäeschen Rot géint Richtlinn stëmmen, fir, dass dës kontrovers Reform net a Kraaft trëtt.

Als Chaos Computer Club Lëtzebuerg an als Frënn vun der Ënn A.S.B.L bedaueren an mëssbëllegen mir dës Entscheedung vum EU Parlament. Mir wäerten eis och an Zukunft op nationalem an europäeschem Niveau massiv géint esou Zenséierungen vum Internet asetzen. Zu gudder Lescht, wëllen mir eisen Europa Deputéierten awer Merci soen, déi all géint dës Direktiv gestëmmt hunn, an domadder hiert Versprieche gehalen hunn.

RIP Fräien Internet

  • news/2019/0327_ee_schwaarzen_dag_fir_europa.txt
  • Last modified: 2019/03/27 09:48
  • by metalgamer