news:2020:0603_elektronesche_patientendossier

Elektronesche Patientendossier - Nach vill oppe Froen

Vill Bierger kruten an der rezenter Vergaangenheet ee Bréif zum elektronesche Patientendossier, dass dësen op hiren Numm opgemaach gëtt. Den 18 Mee huet RTL ee Beitrag dozou verëffentlecht. Aus dësem geet ënnert anerem ervir, dass schonn elo Laboen z.B., Donnéeën doranner späicheren, an dass bis Enn 2021 all Bierger, deen zu Lëtzebuerg assuréiert ass, esou een Dossier soll hunn.

Als Chaos Computer Club Lëtzebuerg wëllen mir gären un Médico-Leak Affär vun 2012 erënneren, wou et enger Persoun ganz einfach méiglech war un medezinesch Donnéeë vun Sportler ze kommen. Hei baue mir also elo eng Datebank op, wou herno nach méi Donnéeën dra gespäichert sinn. Och wann de Staat geléiert huet, an elo eng Zwee-Faktor Authentifizéierung verlaangt, gesi mir schonn eleng Uleeë vun esou Datebanken, grad wann ze zentral gespäichert ginn, als kritesch.

Mir gesinn et als positive Punkt un, dass de assuréierte Bierger, Méiglechkeet huet, dësen Dossier ob fräiwëlleger Basis nees zou ze maachen, mee och hei stellen sech nach Froen. “Wat geschitt mat deenen Donnéeën, déi schonn dra gespäichert goufen? Ginn déi automatesch geläscht oder muss een dat nach eng Kéier extra ufroen? Wat geschitt wann falsch Donnéeë saiséiert ginn? Dës si Froen, ob déi mir nach keng Äntwert fonnt hunn.” betount den Dennis Fink, Pressespriecher vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg. “Esou een elektronesche Patientendossier ass natierlech ufälleg fir Mëssbrauch. Zentral Datebanke sinn ëmmer eng Gefor fir Privatsphär, wëll et muss nëmmen een technesche Feeler dra sinn, deen et Kriminellen erméiglecht un Donnéeën ze kommen, an esou ass Privatsphär vun all Bierger beanträchtegt” sou den Dennis Fink.

Zentralen Datebanken, sti mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg, och kritesch géigeniwwer, wëll niewent dem Mëssbrauch, erméiglecht et dem Staat, ee méi komplett Bild vu senge Bierger ze kreéieren. Medezinesch Donnéeë sinn hei vu grousser kritescher Natur. Och wann den Accès zu dësen Donnéeën, am Moment nach, nëmmen ob spezifesch Persoune limitéiert ass, komme mir awer engem orwellschen Staat ëmmer méi no. Ee Zenario, wou z.B. och Assurancen Accès ob dës Donnéeë kréien, an esou z.B. Léit benodeelege kënnen, ass domadder licht virstellbar.

Am digitalen Zäitalter, héiert sech esou en elektronesche Patientendossier, am Ufank ganz gutt un. Schonn am Februar 2014 hunn mir dorop opmierksam gemaach, dass mir mat enger Skepsis, dem elektronesche Patientendossier géintiwwer stinn. Deemools hunn mir schonn ee puer Froen opgestallt, ob déi mir haut nach keng konkret Äntwert fannen. An der FAQ op Esanté.lu léist sech Folgendes liesen: “Die Daten werden in einem « Gesundheitssafe » in Luxemburg gespeichert. Die Informationen werden gesichert übertragen und verschlüsselt gespeichert.” Eng Erklärung, wéi deen “Gesundheitssafe” technesch geséchert ass, fënnt een net. Wann et een Sécherheetsaudit iwwert dësen elektronesche Patientendossier gëtt, fuerdere mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg, Regierung dozou op dësen ze verëffentlechen oder esou schnell wéi méiglech, een ze erstelle loossen.

  • news/2020/0603_elektronesche_patientendossier.txt
  • Last modified: 2020/06/03 01:57
  • by metalgamer