news:2021:0129_0129_invitatioun_pressekonferenz_copyrightreform

Invitatioun: Pressekonferenz den 01.02.2021 - Copyrightreform

Wéi dir bestëmmt wësst, huet d’Lëtzebuerger Regierung bis de 7. Juni Zäit, fir d’“Digital Single Market” Direktiv (2019/790), wou et ëm d’Auteursrechter/Copyright geet, an ee nationaalt Gesetz ëmzesetzen. Dës Gesetzgebung wäert d’Reegelen nei gestalten, déi d’Benotzererfarung vun haut massiv beaflossen.

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg huet dozou ee Positiounspabeier geschriwwen deen déi bescht méiglechst Implementatioun vun deene verschiddenen Artikelen vun dëser Direktiv opgräift.

Den Oflaf vun der Pressekonferenz gesäit folgendermoossen aus:

  • 13:30 Entrée & Verdeelung vum Positiounspabeier
  • 14:00 Ufank vun der Pressekonferenz
  • 14:45 Froeronn
  • 15:15 Ofschloss

Mir lueden Iech dowéinst häerzlechst den 1ten Februar ab 13:30 Auer an d’Victor Hugo Hal, iwwer d’Säitenentrée op den zweete Stack, ze komme wou mir eise Positiounspabeier wäerte virstellen an eis Websäit lancéieren.

Opgrond vun den aktuelle Mesure biede mir iech, eis kuerz Bescheed ze soen ob dir kommt an zu wéi vill.

Mat frëndleche Gréiss, Chaos Computer Club Lëtzebuerg

  • news/2021/0129_0129_invitatioun_pressekonferenz_copyrightreform.txt
  • Last modified: 2021/01/30 09:36
  • by virii