organization:groups:fnf:meetings:fnf-2014-01

FNF Meeting Minutes - 10/04/2014

  • Claude
    • kontaktéiert den Guy Thomas
    • bréngt säin Stuff mat fir den Infostand.
  • Jan
    • bereed Dokumenter fir deen nächsten Meeting fir bzgl. den FNF Demo Dokumenter
    • léisst 10 Posters bei Reka Print drécken.
    • schéckt den Flyer PDF un all d'Parteien an deelhuelend Organisatiounen.
    • setzt d'Website online & installéiert den NextGEN Plugin.
    • bréngt säin Stuff vum C3L mat fir den Infostand.
    • Der Press een Communiqué schreiwen.
  • Bob
    • Dem Jan den Poster via Mail (PDF) schécken.
  • Sam
    • bréngt säin Stuff vum C3L mat fir den Infostand.
  1. FNF Demo 2014
  2. EU-Table Ronde
    1. Flyers & Posters
    2. Finanzen
  3. Carré Rotondes (Exit07)
    1. Website Beschreiwung
  4. entr0py
  5. Website
  6. Photos
  7. CCTV
  8. Nächsten FNF Meeting
  • Affekot: Guy Thomas (D'Woch vum 5ten Mee 2014 no hallwer 7 Owes probéieren mär een RDV ze kréien.)
  • Notifikatiounen
    • VDL ; Police VDL & Innen-Ministere
    • Claude Frentz, Christophe Kemp & Sam Grüneisen

Flyers & Posters

  • 1000 Flyers
    • 3 Taskforce (Süden, Zentrum & Norden)
    • Fokus ob: Schoulen, Caféen (Norden), Goar & an der Strooss
  • 10 Posters
    • Indies (1x), Grond (2x), Beetebuerg Goar (1x), Ettelbréck (Groussgaass) (2x) & 4 fir spontan.
  • Den PDF vum Flyer muss un all Parteien an deelhuelend Organisatiounen verschéckt ginn.

Finanzen

  • Flyers
    • Total: 44.19€
      • Claude Frentz & Bob Schockweiler hunn déi gesponsert. All déi aner kënnen dem Claude F. nach roueg bäisteieren.
  • Yves Conrardy ass den Kontakt am Exit07.
  • No der Table-Ronde een Debriefing mat him maachen fir ob laang Dauer FNF bzw. den C3L an den Exit07 eran ze integréieren.
  • Den Jan G. ënnerschreift den Kontrakt vun 100€.
  • Bar, Infostand an Co. sinn GO.

Website Beschreiwung

D'Biergerinitiativ Freedom not Fear vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg A.S.B.L. organiséiert am Kader
vun den EU-Wahlen eng Table Ronde zu den Themen wéi eCall, Datevirratsspäicherung, Netz Neutralitéit,
INDECT, europäesch Geheimdéngschter, eCards an Drohnen.
 
D'Invitéen sinn:
 
Claude Adam (déi gréng)
Fränz Fayot (LSAP)
Jeff Feller (DP)
Frank Engel (CSV)
Justin Turpel (déi Lénk)
Ben Allard (Piratepartei)
Laurent Gretsch (PID)
 
D'Moderatioun iwwerhëlt' Pia Opel (100Komma7) an d'Annick Goerens (FreeLancer am Journalismus).

Plus sämtlech Meta-Informatiounen matschécken (Website, Facebook (Säit & Event) & Twitter).

Den 12/04/2014 ass entr0py an et geet ënner anerem ëm FNF.

  • D'Website geet den Owend online.
  • Wandert alles an den Wordpress (NextGEN Gallery).
  • Den Claude huet säin Gesetzestext ofgeschloss.
  • Jiddereen soll 1 Mol driwwer kucken. (Kënnt per Mail)
  • Wéi ass d'Prozedur fir een neien President vun der CNPD ze kréien?

Den 16/04/2014 @ 6h30 PM am Independent Café.

  • organization/groups/fnf/meetings/fnf-2014-01.txt
  • Last modified: 2015/07/15 21:54
  • by 127.0.0.1