projects:security:cypherpunks

HEI GETT NACH DRU GESCHAFFT!!!

Anonymt surfen

Software Erklärung Link
Tor Tor ass eng Software déi et erméiglecht sech anonym a sécher am Internet kennen ze bewegen. Tor gëtt ënnert anerem (awer net nëmmen) vu Journalisten, Whistleblower an Leit aus repressiven Staaten genotzt fir kennen weiderhin an engem onzenséiert Internet kennen deel ze huelen. Tor verschlësselt är Internet Verbindung an schéckt är Verbindung duerch divers aner Server am Tor Netzwierk. Dofir ass et onméiglech erauszefannen wien genee wat um Internet gemaach huet. Tor ass fräi a gratis. Tor gëtt vun fräiwëllegen bedriwwen déi hier Serverkapazitéiten zur Verfügung stellen, domatt dir sécher um Internet kennt surfen. Hei am Land gëtt et sou eng ASBL déi sech "Frënn vun der Ënn" nennt. Se ass ugewisen op all Don an giffen sech iwwert eng kleng Spend vill freeën. Fir Tor kenne ze benotzen ass et am einfachsten sech den "Tor Browser Bundle" erof ze lueden. Download
VPN Eng aner Méiglechkeet anonym a sécher am Internet kennen ze surfen ass, eng VPN ze benotzen. Dir musst iech dat esou virstellen, datt wann dir Facebook wëllt opruffen, är Kommunikatioun een Ëmwee iwwert en aneren Server mécht an deen alles weiderleet. Wichteg gëtt eng VPN virun allem wann een an engem ëffentlechen Hotspot ass ewéi zB HotCity an der Stad. VPN’s kaschten awer an der Regel bëssen Geld. Eng Lescht vun Ubidder

Alternativen

Chat a Videotelephonie

Gewinnten Software Alternativ Erklärung Link
WhatsApp
Facebook Chat
ICQ
SnapChat
XMPP
Jabber
Conversations
TorMessenger
Ricochet
XMPP oder einfach Jabber genannt, ass e Protokoll wat et erlaabt souguer mat aneren Messenger (ewéi ICQ asw) ze kommunizéieren an dat sécher. Et ass virun allem gratis, kann vu jidderengem benotzt ginn an et ass komplett dezentraliséiert. Dat heescht, wien den néidegen savoir-faire huet, dee kann op sengem eegenen Server, Jabber zur Verfügung stellen. Wisou ass Dezentraliséierung gutt? Stellt iech elo mol fir vun haut op muer fält de Server vun ICQ, SnapChat asw aus. Dann ginn déi Servicer net méi. Beim Jabber ass et ni méiglech ee Service komplett ze blockéieren, well ganz vill Leit een eegenen Jabber Server zur Verfügung stellen. Nieft XMPP ginn et och nach komplett dezentral Messenger. Als gutt Beispill dengt hei Ricochet! Download Conversations
Download TorMessenger
Jabber Account erstellen
Download Ricochet
Skype Jitsi Jitsi ass eng Alternativ zu Skype a baséiert op XMPP. Dermadder ass et méiglech sécher ze chatten an Videotelephonie ze bedreiwen. Och Konferenzschaltungen mat méi Leit sinn méiglech. Jitsi leeft mëttlerweil Skype a villen Firmen de Rang of, well et komplett gratis ass a fräi ass. Download

Browser

Gewinnten Software Alternativ Erklärung Link
Internet Explorer Firefox Mozilla Firefox ass een oppen Browser deen och gratis ass. En hält sech un International Webstandards an Fehler ginn innerhal kierzester Zäit gefléckt. Net esou beim Internet Explorer wou eng Secherheetslück mol mei wei 5 Joer kann existeieren. Download
Internet Explorer Chromium Chromium ass e Fork vum Google Browser Chrome. Well Chrome open source ass, kann dësen Fork existéieren. Wat ass den Ënnerscheed zwëschent Chrome a Chromium? Am Chromium goufen all déi sougenannten "Call-Back" Prozeduren erausgeholl an nach méi Wäert op Privatsphär geluecht. Download

Suchmaschinnen

Gewinnten Software Alternativ Erklärung Link
Google DuckDuckGo Google ass eng grouss Boite déi probéiert mät ären Daten Suen ze maachen. Allkéiers wann dir eppes sicht, dann gëtt dat vun Google gespäichert an et gëtt e Profil iwwert iech ugeluecht. Wien net well, datt Google weess, dat dir am Internet no enger neier Schaff sicht, oder Erwuesenenspillsachen wëllt kafen, dann muss een Sichmaschinn wiesselen. DuckDuckGo ass do ganz fir bei an respektéiert är Privatsphär. Ukucken
Google StartPage Wien Google trotzdem bei sichen net mëssen well, deen soll StartPage als Mëttelsmann benotzen. Hei gitt dir är Sichufroo u StartPage an déi leeden et dann weider u Google. De Virdeel dovunner ass, datt Google net méi zouuerdnen kann vu wou a vu weem déi Ufro komm ass. StartPage gouf 2008 och mam EU Datenschutzgütesiegel ausgezeechent! Ukucken

Operating System

Gewinnten Software Alternativ Erklärung Link
Windows Linux Linux ass een alternatiivt Betribssystem dat haut well immens vill am Gebrauch ass, zemol op Plaze wou een et net giff mengen. Sou lafen zum Beispill Lifter, Android Smartphones, Automate vun all Zort a vill méi op Linux. Linux ass als oppen Alternativ entwéckelt ginn an et gëtt och vill méi Wäert op Sécherheet geluecht. Och gëtt et net nëmmen eng Zort vu Linux mä eng helle Wull un verschiddenen Distributiounen déi fir verschidden Zilgruppe konzipéiert goufen. Sou ginn et extra Distributiounen, déi op Schoulen zougeschnidde sinn, oder fir Leit déi Musek/Filmer entwéckelen. Fir den Ufänger, dee grad reicht op Linux wiesselt, empfehle mir Ubuntu oder Linux Mint. Ukucken
Windows BSD Nieft Linux ginn et och nach Betribssystemer aus der BSD Rei. Des Betribssystemer baséieren op UNIX. BSD ass awer näischt fir Ufänger déi grad den Entschloss gefaasst hunn vun Windows ze wiesselen. Well hei gëtt een dann an d'kaalt Waasser gehäit. Mä vläit ass dat jo déi beschten Aart a Weis ze léieren? :) Déi zwee bekanntsten Derivater a wuel di mat der gréisster Community am Réck sinn FreeBSD an OpenBSD. Ukucken
  • projects/security/cypherpunks.txt
  • Last modified: 2021/10/19 14:23
  • by 176.9.146.74