news:2019:0701_fichier_central

Fichier Central - fichiercentral.c3l.lu

Seit Ufank Juni rumouert et hei am Land nawell net ze knapp. Kurz virun der grousser Vakanz geet rieds vun engem gewëssene Policedossier och nach "Fichier central" genannt. Den Chaos Computer Club (C3L) kann nëmmen de Kapp rësele wann ee gesäit wéi d'Ministere Bausch a Braz souwéi eis Regierung op dësen Dossier reagéiert hunn. Amplaz vun Ufank un d'Kaarten oppen op den Dësch ze leen huet et Deeg laang gedauert bis ee mol méi kloer Informatiounen krut. Et huet ee sech d'Fro gestallt ob si selwer iwwerhaapt wëssen ëm wat et genau geet.

Ee Schreiwes vun den Ministere Bausch a Braz un d'Press ass op der enger Säit lachhaft well si der Press virgeheie Polemik ze verbreeden an op der anerer Säit well se dovunner schwätze wéi wichteg den Dateschutz an d'Privatsphär hautzedaags ass. Dobäi hu si wuel vergiess dass grad an dësem Dossier ee sech d'Fro stellt ob alles mam Dateschutz konform ass oder net. Andeems een der CNPD an der Polizeigeneralinspektioun elo een Optrag ginn huet alles genau ze analyséiere spillt een just op d'Zäit. Dat alles hätt scho misse virdrunner gemaach ginn an net Wochen duerno.

Den Chaos Computer Club (C3L) stellt dowéinst gratis all de Bierger eng E-mail Virlag zur Verfügung, déi si kënnen dem Dateschutzbeoptraagte vun der Generaldirektioun vun der Police Grand-Ducale schécken an dem Sekretariat vum Generaldirekter. Fir dësen Virgang sou einfach wéi méiglech ze maachen, hunn mir d'Websäit fichiercentral.c3l.lu erstallt. Hei muss een just seng Uschrëft uginn. Duerno geet dann ären E-Mail Programm, mat ärer perséinlecher Virlag op. Dir musst just nach eng Kopie vun ärer Carte Identité als Annexe bäifügen an d'E-Mail fortschécken. Mir hoffen, esou de Bierger een klengen Déngscht a Punkto Dateschutz an Daterecht unzebidden.

  • news/2019/0701_fichier_central.txt
  • Last modified: 2019/07/01 14:02
  • by virii