ChaosMeeting 2021/08
Agenda
Minutes
Meeting
Mir haaten een Meeting mat "Déi Greng": mir hunn eist Positiounspabeier
présenteiert an erklärt, an ob Froen geäntwert.
Den Avantprojet kucken sie sech un.
Bréiwer
D'Bréiwer déi mir un d'Kommissiounen vum Parlament geschéckt hunn, sinn ukomm.
(accusé de réception)
ReclaimYourFace
Läscht woch, haat metalgamer eng Versammlung mat den Memberen vum
ReclaimYourFace.
Mir iwwersetzen d'Websäit vun ReclaimYourFace esou schnell wéi meiglech, mee den Widget muss op Däitsch/Franséisch sinn (eng europäesch "offiziell Sprooch").
-
9 Mai ass Europa Dag: Mir maachen op eis Social Media Werbung fir d'Campagne.
18 Mai (TBC): Mir kéinten virum Parlament stoen mat "enger Pabeierstuut iwwer den Kapp" an Banneren fir ze weisen dass d'biometresch Massenüberwachung kënnt. Leider kéint dat awer mat der Kris eng schlecht Saach sinn, well een eis verwieselen kéint mat "Anti-Maskers".
Mir kéinten amplatz also eppes klenges filmen (2-3 Minuten):
peter wëll sech do engagéieren.
E sinn bis elo nëmmen 128 Signatures zu Lëtzebuerg, mir hunn aawer bis nächt Joer zait.
Mir iwwersetzen also d'Websäit, an kéinten een Pressecommuniqué schreiwen fir
iwwert ReclaimYourFace an d'biometresch Massenüberwachung opmierksam ze
maachen.