This is an old revision of the document!
ChaosMeeting 2020/09
Date | 14/09/2020 |
---|---|
Time | 20:00 |
Location | ChaosStuff |
Location Opening | ~17:00 |
Administrative Council Attendees: | metalgamer, deflenken |
Minutes Recording | deflenken |
Agenda
- Social Events – deflenken
- Drinks Delivery – metalgamer
- rC3 – metalgamer
- optional Kalax donation – orimpe
- news for fichiercentral.c3l.lu – orimpe
- Raumdaag – metalgamer
Minutes
Social Events
Am November gi mer an de Science Center op Deifferdeng. Den Ticket fir Memberen ass gratis! Hei ass deen Nuudel fir ee gemeinsamen Datum ze fannen:https://nuudel.digitalcourage.de/5ZzGwZ66FgXlWlkx. Hei een Nuudel fir erauszefanne wat fir eng Show mer gäre kucke ginn: https://nuudel.digitalcourage.de/V2JdpcMRyhnLbxHO. Leit déi schonn een Ticket hunn dee behält seng Gültegkeet. Deemnächst wäert een iwwert den Ticketssystem sech kennen een Ticket huele wann een nach keen huet.
Drinks Delivery
Dessen Samschden de Moie geet Gedrénks geliwwert. Um 9 Auer treffe mer eis. Kommt wegl all hëllefen!!
rC3
Hei ass Mol de Link vum Event: https://events.ccc.de/2020/09/04/rc3-remote-chaos-experience/. Mir kennen als Club eppes ubidden z.B. een Virtrag. Bis zum nächste Meeting iwwerleeë mer eis op mer matmaachen a wann jo wat mer genau kéinten ubidden. Dei 4 Deeg (27-30Dezember) wäert de Space op sinn a jiddweree ka laanscht kommen de Stream kucken.
optional Kalax Donation
Den orimpe huet sou een ze verschenken. Mir hätte scho Besoin dofir mee leider keng Platz.
fichiercentral.c3l.lu
No 9 Méint ass dem orimpe säin Dossier ukomm. Dei 2 Méint fir ze äntwere goufen net respektéiert. D'Ufro fir Donnéeë vum Schengeninformatioun System ze kréien ass net ugeholl gi well mer eng E-Mail-Adresse vun der Police net uginn haten. Dat gouf elo geännert! Fir seng PNR Donnéeën ze kréie muss een an der Email säi Gebuertsdag uginn obwuel een eng Kopie vu senger Carte d'Identitéit matschéckt.
Raumdaag
Op engem vun den nächste Meetups muss onbedéngt geraumt ginn! Virdrunner wiert et gutt wann ee kéint op de Stepp fueren.