news:2026:0622_meshcore_workshop_vum_c3l_laru

This is an old revision of the document!


Meshcore Workshop vum C3L & LARU

Den 20. Juni huet den LARU op säin Fieldday ivitéiert wou mir d'Méiglechkeet haten, zesummen mat hinnen, een Workshop/Talk iwwert Meshcore ze halen. Dësen Virtrag huet sech éischter u Leit geriicht, déi sech well e bëssi mat Meshcore auskennen. Mir hunn zum Beispill iwwert Regions geschwat, Air Time, Loop Detection, Integratioun an d'Home Automatisation. A natierlech hu mir den Meshnet Lëtzebuerg Projet u sech nach eemol virgestallt.

Nach méi interessant an wichteg, war awer datt deen Ament, all nationalen Acteur sur-place war, deen beim Meshcore Ausbau hei am Land hëlleft.
Doduerch konnten mir eis organiséieren an hunn e puer Standards ausgeschafft, déi dann och vun all Acteur agehalen gëtt.
Wichteg ass, datt et net just eng Organisatioun gëtt, déi alles diktéiert, mee déi 4 Organisatiounen sech lo mol als labber Unioun gesinn.
Mir schwätzen hei notamment vun den Organisatiounen:

Sou gouf festgehalen, datt d'Domain meshcore.lu als Landing Page soll genotzt ginn, wou op 1 Coup all wichteg Informatiounen drop stinn. Notamment, wat sinn eis national Region(s), wéi eng Regions aus den Nopeschlänner ënnerstëtzen mir, wat fir een Path Hash Size benotzen mir, Air Time, an d'Noutwennegkeet vun korrekten Owner Informatiounen.

National Regions EU & Nopeschlänner Regions Air Time Path Hash Size
#luxembourg #europe #saarlorlux 9 2>


An d'Basics bleiwen wéi virdrunner schonn s esou bestoen:

Frequenz Preset Bandwidth Spreading factor Coding rate
869.618MHz EU/UK Narrow 62.5kHz 8 8



  • news/2026/0622_meshcore_workshop_vum_c3l_laru.1782124211.txt.gz
  • Last modified: 2026/06/22 12:30
  • by virii