This is an old revision of the document!
Aktivitéits Bericht 2017
Reegelméisseg Ereegnisser
Mir haten 33 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt, an haten 20 oppen Méindeger wou mir eis den neien interesséierten Leit virstellen. Desweider waren mir mat 17 Presseartikelen am Joer 2017 vertrueden.
Februar
Mir waren mat der Frënn vun der Ënn A.S.B.L. op't FOSDEM (Konferenz iwwer oppen Software) zu Bréissel.
Mee
Mir waren ob der GulaschProgrammierNacht zu Karlsruhe an op't No Spy Konferenz zu Stuttgart. Zu Stuttgart hun mir een Virtrag iwwer Anonymiteit am Internet gehaalen.
Juni
Mir haten eng Spark-Up Night organiséiert een Info Event vun Memberen fir Memberen zum Thema programmeier Couren.
August
Vum 31 Juli bis den 5 August hunn mir eisen zweeten eegestännegen Camp am Fräien, den [h]ackyard, ofgehalen deen ganz gudd besicht war.
Oktober
Mir waren op't Big Brother Awards op Bréissel wou Leit respektiv Firmen een negativ Award fier hier Privatspharinvasivhaltung kreien. Mir waren op der Hack.lu mat engem Stand vertrueden (eng Informatiounssécherheets Konferenz zu Dummeldeng).
Dezember
Routwäissgro Avant-Première - Den Documentaire “routwäissgro @hack.lu”, iwwert eis, ass verëffentlech ginn. Clubausfluch ob Leipzig zum 34ten “Chaos Communication Congress” organiséiert vum Chaos Computer Club Däitschland.