Chaos Computer Club Lëtzebuerg

“Chaos in the world brings uneasiness, but it also allows the opportunity for creativity and growth.” -- Tom Barret

User Tools

Site Tools


organization:activity-reports Lang:
Aktivitéits Rapperen si ob Lëtzebuergesch, fir VDL / Subsiden unzefroen.

Aktivitéits Bericht 2017

Reegelméisseg Ereegnisser

Mir haten 33 ChaosMeetings iwwert Joer verdeelt, an haten 20 oppen Méindeger wou mir eis den neien interesséierten Leit virstellen. Desweider waren mir mat 17 Presseartikelen am Joer 2017 vertrueden.

Februar

Mir waren mat der Frënn vun der Ënn A.S.B.L. op't FOSDEM (Konferenz iwwer oppen Software) zu Bréissel.

Mee

Mir waren ob der GulaschProgrammierNacht zu Karlsruhe an op't No Spy Konferenz zu Stuttgart. Zu Stuttgart hunn mir een Virtrag iwwer Anonymiteit am Internet gehaalen.

Juni

Mir haten eng Spark-Up Night organiséiert een Info Event vun Memberen fir Memberen zum Thema programmeier Couren.

August

Vum 31 Juli bis den 5 August hunn mir eisen zweeten eegestännegen Camp am Fräien, den [h]ackyard, ofgehalen deen ganz gudd besicht war.

Oktober

Mir waren op't Big Brother Awards op Bréissel wou Leit respektiv Firmen een negativ Award fier hier Privatspharinvasivhaltung kreien. Mir waren op der Hack.lu mat engem Stand vertrueden (eng Informatiounssécherheets Konferenz zu Dummeldeng).

Dezember

Routwäissgro Avant-Première - Den Documentaire “routwäissgro /@hack.lu”, iwwert eis, ass verëffentlech ginn. Clubausfluch ob Leipzig zum 34ten “Chaos Communication Congress” organiséiert vum Chaos Computer Club Däitschland wou sech all Joer europaweit d'Chaosfamil trefft. (Lëtzebuerg,Daitschland,Schwaiz,Eisterreich)

organization/activity-reports.txt · Last modified: 2018/02/19 21:22 by orimpe