Memberschaft
Jiddwereen kann bei eis am C3L Member ginn. Mir ënnerscheeden zwëschent aktiven Memberen déi och een Stëmmrecht op der AG hunn an zwëschent Supportermemberen déi eis einfach ënnerstëtzen wëllen an awer dofir keen Stëmmrecht hunn op der AG oder enger AGE.
Deng Virdeeler
Mir ënnerscheeden zwou Aarte vu Memberschaften. Regular Memberschaften an ënnerstëtzend Memberschaften.
Member, egal op regular oder ënnerstëtzenden Member, bréngt folgend Virdeeler mat. Du kriss Accès op folgend online "Servicer":
- een C3L Wiki account (https://wiki.c3l.lu)
- een C3L Mail account (username@c3l.lu)
- Zougang zu eiser chaosstuff mailinglist (chaosstuff@lists.c3l.lu)
- Mat denger C3L Mailadress kriss du och Accès op mailinglists
- een C3L XMPP (Jabber) account (aka Instant Messaging) (username@c3l.lu)
- een C3L Matrix account (aka Instant Messaging) (username@matrix.c3l.lu)
- een C3L NextCloud account (https://cloud.c3l.lu/)
- een C3L Kallithea (Source-Code Management System aka. GitHub alternative) account (https://projects.c3l.lu/)
Du kanns och Accès zu eiser ChaosStuff kréien. Dobei ass matagegraff eis' Material (3D Drucker, Leitstatioun etc) ze benotzen. Du kanns eis hëllefen un eisen Projeten ze schaffen oder un dengen eegenen.
Wann's de Member bass kanns de hëllefen Eventer ze organiséieren, d'Pressernimmungen ze schreiwen, un eisem Veräinsliewen deelhuelen sou wei mat goen op Eventer am Ausland.
Zu gudder Lëscht hëllefs du eis sech fir't digital Rechter anzesetzen.
Als regulären Member, kritt Dir folgend Virdeeler, zousätzlech zu deenen déi uewen opgezielt goufen:
- Wahlrecht op den Assemblé généralen
- Zougang zu eiser intern Mailinglist (intern@lists.c3l.lu)
Käschten
De Beitrag fir eng regulär Memberschaft ass mindestens 120€ pro Joer, fir Léit mat engem regulären Akommes. Fir Schüler a Studenten ass de Beitrag mindestens 40€ pro Joer. De Beitrag vun enger ënnerstëtzender Membershaft ass mindestens 40€ pro Joër. Starving hackers (fir Léit déi sech d'Memberschaft net leeschten kënnen) sinn häerzlechst agelueden eis eng Email ze schécken oder eng Kéier Méindes laanscht ze kommen. Mir wäerten sécher eng Solutioun fannen.
Den C3L lieft als ASBL vu Membersbeiträg a Spenden. Äre finanzielle Support hëlleft eis net nëmme wichteg Käschten ze decken (Internet asw) mee och Projeten um liewen ze halen esou wei nei Saache fir de Veräin ze kafen.
Mir encouragéieren iech e puer Mol op een ChaosMeeting ze kommen an e bëssen nozekucken ier dir Member gitt, dëst sollt Iech d'Chance ginn déi richteg Entscheedung fir iech selwer ze huelen.
Wei Member ginn?
Een Member ze ginn ass ganz einfach. Dir braucht just Membersformulaire auszefëllen an et op des Adress ze schécken info@c3l.lu oder Dir print et eraus an bréngt et engkeier op een Event mat oder Dir kommt eng Keier an't ChaosStuff laanscht.
Bankkonto
Account-Holder: Chaos Computer Club Lëtzebuerg BIC/Swift: BCEELULLXXX IBAN: LU29 0019 2855 3890 4000 Communication: Membership fee $YEAR $USERNAME
Bitcoin
BTC address: 3BV5UPToMUmXJiqUVndHjSSq2HqDW8npRd BTC label: Membership Fee BTC message: Membership fee $YEAR $USERNAME