Chaos Computer Club Lëtzebuerg

“Chaos in the world brings uneasiness, but it also allows the opportunity for creativity and growth.” -- Tom Barret

User Tools

Site Tools


news
The wiki is under reorganization; please give us some time to finish restructure. This may take some days.

News

Filter funktionéieren net



Fir d’éischt: Filter si ganz schlecht beim erkenne vun Inhalter. Et ginn e ganze Koup Beispiller dofir:

  • De Schoulmeeschter säi Léiermaterial dat blockéiert gouf
  • D’Biller vun der Marslandung, déi ongewollt op enger Sperrlëscht gelant sinn
  • Zéngdausend vu Videoen, déi Krichsverbriechen a Syrien dokumentéieren an déi vu YouTubes Filter geläscht goufen.

Automatesch Filter, filteren ze wéineg (loosse Saachen duerch, di sollte geblockt ginn) an awer och ze vill (blockéieren Inhalter, di net geblockt solle ginn).

Den Internet-filter gouf virgeschloen, fir Copyrightverstéiss ze verhënneren. D’Urheberrecht ass awer ze komplex fir eng eenzeg Léisung, di sech wéi d’Aaxt am Bësch ka verhalen.
Zum Beispill: Dacks ass et zoulässeg, geschütztent Material als Zitat oder als Satir ze benotzen. Heiansdo ass et dat awer och net. Meeschtens ass et esou onkloer, ob eppes erlaabt ass oder net, dass de Fall viru Gericht muss entscheet ginn. Dat si keng Entscheedungen, déi een engem automatesche Filter iwwerloosse wéilt.

Filter sinn ufälleg fir schläichend Funktiounserweiderungen

Ob laang Sicht geet et net em Copyright. Wann et no de Politiker goe géif, géife Filter dofir benotzt ginn, fir Videoen ze blockéieren oder fir ongewollte politesch Meenungen am Keim ze erstécken.

Ee Beispill dofir: Spuenien huet en Internet-filter fir illegal Glécksspillsäiten ze bekämpfen. De selwechte Filter gouf awer och benotzt, fir d’katalanescht Referendum ze verhënneren. Fir et kuerz ze maachen: Wann mir net elo handelen, dann treffen d’Politiker eng Entscheedung, di der Meenungsfräiheet massiv entgéint wierkt.

Wat kanns du maachen?

Déi kommend Wochen sinn entscheedend! Tweet oder schreif eng E-Mail un deng EU Deputéiert am JURI-Comité. De 26. a 27. Mäerz, entscheet eis Europa-Deputéiert mat iwwert den Internet-Filter. Notz d’Hashtags #CensorshipMaschine an #filterfail fir ze weisen, datt s du géint den Internet-Filter am Artikel 13 bass. Lëtzebuergesch Europa-Deputéiert am JURI-Comité ass:

Mir hunn well e puer Tweets virbereet (Dat soll iech net dovunner ofhalen, selwer kreativ ze ginn):

.@mady_delvaux Stitt op fir eis Meenungsfräiheet online. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Stitt fir eis Online-Privatsphär. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Weist, datt iech Privatsphär a Meenungsfräiheet fir d’Bierger wichteg ass. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Internet-Filter funktionéieren net. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!

Politiker wëllen ongëeegent Filteren etabléiere fir den Internet kënnen ze kontrolléieren:
Deng Ënnerstëtzung ass gefuerdert!

2018/02/26 21:47 · virii

Verstoppten EU Internet-Filter

Den gréissten Internet-Filter, deen et jee an Europa gouf, gëtt grad opgebaut. D'Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn hunn. Dat kléngt elo vläicht e bëssen dramatesch, ass awer leider keng Iwwerdreiwung. Falls dësen Virschlag ugeholl gëtt, mussen Firmen wéi Soundcloud, eBay, Facebook an Flickr, alles filteren, wat s du eroplueden wëlls. Een Algorithmus entscheet dann, wat s du dem Rescht vun der Welt däerfs weisen a wat net.

Firwat hunn ech dovunner bis elo nach näischt héieren?

De Virschlag fir dësen Internet-Filter ass verstoppt am Artikel 13 vun engem aneren Virschlag fir déi nei Europäesch Urheberrechtsveruednung. Mä et brauch net vill Fantasie fir sech virzestellen, firwat Internet-Filter soss nach kënnen benotzt ginn. Mir wetten, datt Politiker well drop gammsen fir Internet-Filter ze benotzen, domat se hier eegen Politesch Agenda duerchboxen kënnen. Zum Beispill: Onerwënschten politesch Meenungen verschwannen doen.

Haaptproblem

Et gëtt eng helle Wull u Grënn, keen Internet-Filter ze wëllen. Hei sinn mol déi dräi wichtegst. 1. Et ass een Ugrëff op däin Recht op eng fräi Meenungsäusserung. Du entscheets net méi selwer, wat s du deelen kanns. 2. Automatesch Filter wéi dësen, tendéieren dozou vill Feeler ze maachen an et wäert deng Aufgab ginn, géint dës Feeler fir ze goen. 3. Dëse Virschlag verleet grouss Plattformen dozou, Risiken ze vermeiden. An zwar op Käschten vun denger Fräiheet. Ergo Zensur.

Wat kanns du maachen?

Déi kommend Wochen sinn entscheedend! Tweet oder schreif eng E-Mail un deng EU Deputéiert am JURI-Comité. De 26. a 27. Mäerz, entscheet eis Europa-Deputéiert mat iwwert den Internet-Filter. Notz d'Hashtags #CensorshipMaschine an #filterfail fir ze weisen, datt s du géint den Internet-Filter am Artikel 13 bass. Lëtzebuergesch Europa-Deputéiert am JURI-Comité ass:

Mir hunn well e puer Tweets virbereet (Dat soll iech net dovunner ofhalen, selwer kreativ ze ginn):

.@mady_delvaux Stitt op fir eis Meenungsfräiheet online. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Stitt fir eis Online-Privatsphär. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Weist, datt iech Privatsphär a Meenungsfräiheet fir d'Bierger wichteg ass. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Internet-Filter funktionéieren net. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!

Politiker wëllen ongëeegent Filteren etabléiere fir den Internet kënnen ze kontrolléieren:
Deng Ënnerstëtzung ass gefuerdert!

2018/02/19 18:57 · virii

Netzneutralitéit däerf net stierwen!

Ass d’Netzneutralitéit erëm a Gefor? D’USA hunn viru kuerzem hier Netzneutralitéit opginn an domadder dem Drock vu groussen Firmen noginn. A wat kann dat fir Auswierkungen fir mech hunn? Fir d’Netzneutralitéit ganz einfach ze erklären stellt der iech vir, dir sidd op enger Autobunn. Hei däerf all Mark vun Auto drop fueren. All Auto gëtt ob eiser Datenautobunn gläich behandelt. Ouni Netzneutralitéit wär et esou, datt zum Beispill just nach Leit mat engem BMW dierfen d’Iwwerhuelspur notzen. All déi aner hätten Pech gehat.

Datt esou eppes net däerf geschéien ass hoffentlech kloer. Well een Internet ouni Netzneutralitéit féiert zu enger immenser Ongerechtegkeet. Sou muss een fir all Service extra bezuelen. Dir wëllt Netflix kucken? Dann bezuelt der extra. Dir wëllt E-Mailen schécken? Dat kascht dann extra. Dat alles féiert dozou, datt den Konsument méi muss bezuelen fir de selwechten Service deen en am Moment huet. An och Start-Ups a méi kleng Firmen ginn esou benodeelegt. Wou sech grouss Multinational Firmen eng gewëssen Prioritéit kënnen erkafen, ass dat fir anerer net méiglech. En Internet ouni Netzneutralitéit ass puert Gëft fir Weiderentwécklung vun engem Land, fir déi sozial Gerechtegkeet an natierlech fir d’Ekonomie.

Do ass et natierlech schéin ze gesinn, datt d’Europäesch Kommissioun sech well fir eng Netzneutralitéit an der EU ausgeschwat huet.

Mat dem Accord vun dësem Evenement gëtt fir d’éischte Kéier de Prinzip vun der Netzneutralitéit an der EU beschriwwen: D’Benotzer musse gratis Zougrëff zum Inhalt vun hirer Wiel kréien. Se ginn net ongerecht blockéiert oder gedrosselt, a bezuelte Prioritéiten ginn net zougelooss.

Den Chaos Computer Club Lëtzebuerg (C3L), Frënn vun der Ënn (FVDE) a Freifunk Lëtzebuerg (FFLUX), setzen sech fir en oppenen, fräien a virun allem och onlimitéierten Zougang zu Informatiounen an!

2017/12/18 22:50 · virii
news.txt · Last modified: 2015/08/16 01:20 by prometheus