Holzatelier
Maschinnen
Dekupéiersee
Maschinn | Proxxon 2 Gang Dekupéiersee |
---|---|
Photo | |
Beschreiwung | Fir kleng fein Holz/Alu/Styropor Aarbechten |
Aweiser | virii |
- Schutzbrëll undoen!
- Op d'Fanger oppassen!
- Material wat geseet soll ginn muss een ëmmer fest am Grëff hunn!\
- Dat ass eng See an denkt net fir dech mat!
- Keng Bedéngung ouni Aweisung!
Aarbechtsmodi
Aarbechtsplak neigen
- Lassschrauwen.
- De gewënschten Neigungsgrad astellen.
- Festschrauwen.
Seeblieder wiesselen
Wichteg. Mir hunn 2 generell Zorten vu Seeblieder fir eis Dekupéiersee. Eng kéier déi, mat engem Splënt, an déi ouni. Déi mam Splënt sinn eng Grëtz méi einfach anzesetzen wéi déi ouni, dofir kennen déi ouni Splënt och bei der Laubsäge benotzt ginn.
- Seeblieder ouni Splënt mussen festgeschrauft ginn.
- Déi mat Splënt däerfen net festgeschrauft ginn!
Seeblat mat Splënt
Uewen lassschrauwen | |
---|---|
Den Seearem erofdrécken an dat alt Seeblat eraushuelen | |
Seeblat fir d'éischt ënnen aklemmen. Mat den Zänn no fir an t'ass se erof weisen! | |
Dann d'Seeblat uewen akropen | |
Uewen erëm alles festdréinen. Net iwwerdreiwen! | |
Dekupéiersee ass asazbereet. |
Seeblat ouni Splënt
Uewen lassschrauwen | |
---|---|
Den Seearem erofdrécken an dat alt Seeblat eraushuelen | |
Seeblat fir d'éischt ënnen festschrauwen. Mat den Zänn no fir an t'ass se erof weisen! | |
Dës Seeblieder mussen festgeschrauft ginn! | |
Uewen erëm alles festdréinen. Net iwwerdreiwen! | |
Dekupéiersee ass asazbereet. |