Old revisionsBacklinksExport to PDFODT exportBack to top Recent ChangesPrintPermalink × Table of Contents ChaosMeeting 2020/01 Agenda Minutes New Years Speech ChaosStuff Log AG2020 Tshirts Finance Rule MiniMakerFaire InternetDays LU-CIX Freifunk Gedrénks ChaosMeeting 2020/01 Date 06/01/2020 Time 20:00 Location ChaosStuff Location Opening ~17:00 Administrative Council Attendees: metalgamer, virii, deflenken Minutes Recording deflenken Agenda New Years Speech – metalgamer ChaosStuff Log – metalgamer AG2020 – deflenken Tshirts – deflenken Finance Rule – metalgamer MiniMakerFaire – deflenken InternetDays LU-CIX – metalgamer Freifunk – fantawams, orimpe Gedrénks – deflenken Minutes New Years Speech Den metalgamer huet eng kleng Ried gehalen. Am neie Joer wëlle mer weider sou aktiv si wéi 2019. Dofir wäerte mer eis ënner anerem mat den Datebanke vum Staat beschäftegen, ee Site opbaue wéinst der Virratsdatespeicherung an't d'Social Events weider pushen. ChaosStuff Log All véierte Meeting soll jiddweree kuerz erläuteren un wat fir Projeten ee grad schafft oder wat hien am Space gemeet huet. Doduerch sollen d'Membere besser bescheet wësse wien un wat schafft a wou een sech kann aktiv abréngen. virii huet un NOC Saachen geschafft. IPv6 misst elo goen. Och sinn nei DECT Steckdousen installeiert ginn an Script ass ugepasst ginn. Am Chill ass Bar nei ugestrach ginn. Hie wuar och mat bei DEA, Richtfunk testen. orimpe huet an der Kichen dat nei Regal mat obgebaut. Weiderhinn huet hinn mat um FilamentDryer geschafft. Och ass um Jabel geschafft ginn. Hie wuar och mat bei DEA, Richtfunk testen. fantawams huet vill un Freifunk geschafft. Och um FilamentDryer ass geschafft ginn. Och huet den fantawams mat um Jabel geschafft. metalgamer huet un den MQTT Scripter geschafft. Weiderhinn ass Kallithea geupdated ginn, elo kann ee sech och iwwert SSH authentizéieren. Den SpaceApiBot krutt och nei Kommandos. Niewenbei huet den metalgamer ee Social Events an 36C3: Congress everywhere organiséiert. AG2020 Mir mussen eis AG plangen! D'Email mam "Doodle" ass eraus. Tshirts Op engem vun den nächste Meetingen oder Meetupe kucke mer eis genau un bei wien mer ginn, wat dat kascht, a wei vill T-Shirten an Hoodië mer wëlle bestellen. Wann mer den Händler fir eis Kleeder gewiesselt hunn da kritt een op Shirtcity nëmmen nach Tasen asw. keng Kleeder méi. Finance Rule Opgrond vun der héischt vun eise lafende Käschten (Internet, Telefon + Freifunkserver) déi sech op ronn 120 Euro belafen huet den metalgamer d'Idee gehat de Veräi soll ëmmer mindestens X Euro um Compte hunn. Op der enger Seid sollen esou Membere méi schnell kenne rembourséiert ginn an op der anerer Seid eis lafend Käschte gedeckt sinn. Mir hunn festgehalen dass ëmmer musse 500 Euro um Compte sinn. Doduerch kann et awer natierlech sinn dass Saache méi spéit kaf ginn oder de Veräi bei Projete manner beile kann. MiniMakerFaire Dëst Joer ass erëm d'MiniMakerFaire vum 16-17 Mäi. Mir hunn decidéiert do matzemaachen. Mir wëllen deskeier ee méi interaktive Stand hunn. Dofir gouf folgendes festgehalen: manner Saache matzehuelen 3DPrinter muss mat Lockpicking Set Léidkits ginn kaf Kuckt ierch och den RT Ticket dozou un. InternetDays LU-CIX Dest Joer ginn erëm d'Internetdays organiséiert dee 17ten an 18ten November. Mir goufe gefrot op mer do wéilte matmaan. Mir hunn nogefrot wei mir eis kéinten do abréngen. Mir waarden nach op eng Äntwert. Freifunk Et ass erëm Freifunkmeetup. Sie sichen ëmmer erëm nei Leit déi sech wëllen aktiv abréngen! Gedrénks Club Mate Cola Cajeaue ginn der epuerbestallt mee mir waarden awer nach bis mer d'Assurance bezuelt hunn. lb/organization/chaosmeetings/2020/cm-2020-01.txt Last modified: 2022/05/24 08:46by metalgamer