ChaosMeeting 2020/01
Date | 06/01/2020 |
---|---|
Time | 20:00 |
Location | ChaosStuff |
Location Opening | ~17:00 |
Administrative Council Attendees: | metalgamer, virii, deflenken |
Minutes Recording | deflenken |
Agenda
- New Years Speech – metalgamer
- ChaosStuff Log – metalgamer
- AG2020 – deflenken
- Tshirts – deflenken
- Finance Rule – metalgamer
- MiniMakerFaire – deflenken
- InternetDays LU-CIX – metalgamer
- Gedrénks – deflenken
Minutes
New Years Speech
Den metalgamer huet eng kleng Ried gehalen. Am neie Joer wëlle mer weider sou aktiv si wéi 2019. Dofir wäerte mer eis ënner anerem mat den Datebanke vum Staat beschäftegen, ee Site opbaue wéinst der Virratsdatespeicherung an't d'Social Events weider pushen.
ChaosStuff Log
All véierte Meeting soll jiddweree kuerz erläuteren un wat fir Projeten ee grad schafft oder wat hien am Space gemeet huet. Doduerch sollen d'Membere besser bescheet wësse wien un wat schafft a wou een sech kann aktiv abréngen.
virii huet un NOC Saachen geschafft. IPv6 misst elo goen. Och sinn nei DECT Steckdousen installeiert ginn an Script ass ugepasst ginn. Am Chill ass Bar nei ugestrach ginn. Hie wuar och mat bei DEA, Richtfunk testen.
orimpe huet an der Kichen dat nei Regal mat obgebaut. Weiderhinn huet hinn mat um FilamentDryer geschafft. Och ass um Jabel geschafft ginn. Hie wuar och mat bei DEA, Richtfunk testen.
fantawams huet vill un Freifunk geschafft. Och um FilamentDryer ass geschafft ginn. Och huet den fantawams mat um Jabel geschafft.
metalgamer huet un den MQTT Scripter geschafft. Weiderhinn ass Kallithea geupdated ginn, elo kann ee sech och iwwert SSH authentizéieren. Den SpaceApiBot krutt och nei Kommandos. Niewenbei huet den metalgamer ee Social Events an 36C3: Congress everywhere organiséiert.
AG2020
Mir mussen eis AG plangen! D'Email mam "Doodle" ass eraus.
Tshirts
Op engem vun den nächste Meetingen oder Meetupe kucke mer eis genau un bei wien mer ginn, wat dat kascht, a wei vill T-Shirten an Hoodië mer wëlle bestellen. Wann mer den Händler fir eis Kleeder gewiesselt hunn da kritt een op Shirtcity nëmmen nach Tasen asw. keng Kleeder méi.
Finance Rule
Opgrond vun der héischt vun eise lafende Käschten (Internet, Telefon + Freifunkserver) déi sech op ronn 120 Euro belafen huet den metalgamer d'Idee gehat de Veräi soll ëmmer mindestens X Euro um Compte hunn. Op der enger Seid sollen esou Membere méi schnell kenne rembourséiert ginn an op der anerer Seid eis lafend Käschte gedeckt sinn. Mir hunn festgehalen dass ëmmer musse 500 Euro um Compte sinn. Doduerch kann et awer natierlech sinn dass Saache méi spéit kaf ginn oder de Veräi bei Projete manner beile kann.
MiniMakerFaire
Dëst Joer ass erëm d'MiniMakerFaire vum 16-17 Mäi. Mir hunn decidéiert do matzemaachen. Mir wëllen deskeier ee méi interaktive Stand hunn.
Dofir gouf folgendes festgehalen:
InternetDays LU-CIX
Dest Joer ginn erëm d'Internetdays organiséiert dee 17ten an 18ten November. Mir goufe gefrot op mer do wéilte matmaan. Mir hunn nogefrot wei mir eis kéinten do abréngen. Mir waarden nach op eng Äntwert.
Freifunk
Et ass erëm Freifunkmeetup. Sie sichen ëmmer erëm nei Leit déi sech wëllen aktiv abréngen!
Gedrénks
Club Mate Cola Cajeaue ginn der epuerbestallt mee mir waarden awer nach bis mer d'Assurance bezuelt hunn.