“Chaos in the world brings uneasiness, but it also allows the opportunity for creativity and growth.” -- Tom Barret
Wann eisen Hackerspace OP, awer d'Viischtdier zougespaart ass, dann mellt iech w.e.g. bei eis!
Dir kënnt eis eng Email schécken op info@c3l.lu oder iwwer Twitter: @c3l_. D'Press a Medie sollen press@c3l.lu benotzen oder eis uruffen ënnert folgender Nummer +352-27-40-20-30. Opgepasst! Mir all bedreiwen dee Club niewebäi als Hobby. Erwaart iech also keng regulär Ëffnungszäiten oder eng direkt Äntwert op är E-Mailen oder Uriff!
Natierlech kënnt dir och eng Kéier an eisen Hackerspace "ChaosStuff" laanscht kommen.
Mir hunn ee MUC Channel ob eisem XMPP Server. Jiddereen, Member oder Net-Member, ass häerzlecht Wëllkomm mat eis ze chatten: c3l@conference.c3l.lu
Een Iwwerbléck vun de nächsten Evenementer souwéi Aktivitéiten, fannt dir hei drënner. Fir eng komplett Lëscht, kuckt d´Evenementer Säit oder abonnéiert eisen Atom Feed.
ChaosMeetings sinn normaler Weis all zweeten Méinden um 20 Auer an der ChaosStuff.
Kommt och mol op den Meet-Up. Jiddereen ass häerzlecht agelueden bei eis matzeschaffen. Egal a wéi enger Form! Mir bäissen net ;)
Den 8 November 2020 hunn Journaliste vum ëffentlech-rechtleche Sender FM4 aus Éisträich an engem Artikel drop opmierksam gemaach, dass den EU Ministerrot un enger neier Resolutioun schafft, déi nawell vill Froen a Kritik opwerft. Nëmme 5 Deeg no deenen uergen Terroruschléi zu Wien, well een elo d'Enn-zu-Enn Verschlësslung souzesoen ofschafen an dëst sou séier wei méiglech an och nach hannert zouenen Dieren. Domadder wier et net méi méiglech, verschlësselt mateneen ze kommunizéieren, ouni Gefor ze lafen, datt eng aner Persoun matliest. Sou sollen d'Hiersteller vu bekannten Appen wei Whatsapp, Signal, Telegram a Co, eng Hannerdier abauen domat Geheimdéngschter Zougrëff op Chats kënne kréien. Dacks gouf scho probéiert dëst ëmzesetzen, mee bis ewell ouni Succès.
Begrënnt gëtt d'Noutwennegkeet fir esou Moossname jee no populisteschem Gusto - politeschen Extremismus, Terrorismus oder Kannerpornographie. Well aus deem Populismus och mol reell Veruerdnungen a Gesetzer kënne ginn, ass et ëm sou méi wichteg, datt Zivilgesellschaft souwéi och d'Wirtschaft, kloer Positioun bezéien a Widderstand leeschten.
Mir vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg, sinn ze déifst beonrouegt iwwert dës Noriichten a maachen eis enorm Gedanken a wat fir eng Richtung mer histeieren. Op alle Fall wäerte mir dësem Politeschem Geplänkels net einfach esou nokucken. Crypto Wars goufen et schonns dacks a bis elo huet Zivilgesellschaft déi nach all gewonnen. Mir bléiwen eisen Wäerter trei an setzen eis dofir an, dass dat och esou bleift.
Dowéinst fuerderen mir d'EU an hier Memberstaaten mat Nodrock dozou op:
“I don't want to live in a world where everything that I say, everything I do, everyone I talk to, every expression of creativity or love or friendship is recorded.”
― Edward Snowden