This is an old revision of the document!
This page is not fully translated, yet. Please help completing the translation.
(remove this paragraph once the translation is finished)
Memberschaft
Jiddwereen kann bei eis am C3L Member ginn. Mir ënnerscheeden zwëschent aktiven Memberen déi och een Stëmmrecht op der AG hunn an zwëschent Supportermemberen déi eis einfach ënnerstëtzen wëllen an awer dofir keen Stëmmrecht hunn op der AG oder enger AGE.
Deng Virdeeler
Member ze ginn bréngt Virdeeler mat. Du kriss Accès op folgend online "servicer":
- een C3L Wiki account (https://wiki.c3l.lu)
- een C3L Mail account (username@c3l.lu)
- Zougang zu eiser internal mailinglist (intern@lists.c3l.lu)
- Mat denger C3L Mailadress kriss du och Accès op mailinglists
- een C3L XMPP (Jabber) account (aka Instant Messaging) (username@c3l.lu)
- een C3L Matrix account (aka Instant Messaging) (username@matrix.c3l.lu)
- een C3L NextCloud account (https://cloud.c3l.lu/)
- een C3L Kallithea (Source-Code Management System aka. GitHub alternative) account (https://projects.c3l.lu/)
Du kanns och Accès zu eiser ChaosStuff kréien. Dobei ass matagegraff eis' Material (3D Drucker, Leitstatioun etc) ze benotzen. Du kanns eis hëllefen un eisen Projeten ze schaffen oder un dengen eegenen.
Wann's de Member bass kanns de hëllefen Eventer ze organiséieren, d'Pressernimmungen ze schreiwen, un eisem Veräinsliewen deelhuelen sou wei mat goen op Eventer am Ausland.
Zu gudder Lëscht hëllefs du eis sech fir't digital Rechter anzesetzen.
Käschten
D'Memberschaft fir eng Persoun déi een Akommes huet ass mindestens 120 Euro pro Joer. Fir Schüler, Studenten a ënnerstëtzend Membere mindestens 40 Euro pro Joer. Starving hackers sinn häerzlechst gewellt eis eng Email ze schécken oder eng Kéier Méindes laanscht ze kommen. Mir wäerten sécher eng Solutioun fannen.
Den C3L lieft als ASBL vu Membersbeiträg a Spenden. Äre finanzielle Support hëlleft eis net nëmme wichteg Käschten ze decken (Internet asw) mee och Projeten um liewen ze halen esou wei nei Saache fir de Veräin ze kafen.
We encourage you to come a few times along to the chaosmeetings and have a look around before becoming a member, this should give you the chance to take the right decision for yourself without being over-hasty.
Wei Member ginn?
Een Member ze ginn ass ganz einfach. Dir braucht just dat heiten Forumulaire online auszefëllen Membership form an et op dees Adress ze schécken info@c3l.lu oder Dir print et eraus an bréngt et engkeier op een Event mat oder Dir kommt eng Keier an't ChaosStuff laanscht.
Bankkonto
Account-Holder: Chaos Computer Club Lëtzebuerg BIC/Swift: BCEELULLXXX IBAN: LU29 0019 2855 3890 4000 Communication: Membership fee $YEAR $USERNAME
Bitcoin
BTC address: 3BV5UPToMUmXJiqUVndHjSSq2HqDW8npRd BTC label: Membership Fee BTC message: Membership fee $YEAR $USERNAME