lb:bootstrap

Events an der ChaosStuff

Ab dem 4en Oktober wäerten d'MeetUps an d'ChaosMeetings erëm an der ChaosStuff ofgehalen ginn.
D'CovidCheck-Reegelen ginn applizéiert! Mir hunn keng COVID-19 Schnelltester sur-place. Dir musst ären eegenen Test matbréngen an den Test an der ChaosStuff maachen.

Dir kënnt eis eng Email schécken op info@c3l.lu oder iwwer Twitter: @c3l_. D'Press a Medie sollen press@c3l.lu benotzen oder eis uruffen ënnert folgender Nummer +352-27-40-20-30. Opgepasst! Mir all bedreiwen dee Club niewebäi als Hobby. Erwaart iech also keng regulär Ëffnungszäiten oder eng direkt Äntwert op är E-Mailen oder Uriff! Êiert dier eis kontaktéiert, lies iech dës FAQ.

Natierlech kënnt dir och eng Kéier an eisen Hackerspace "ChaosStuff" laanscht kommen.

Mir hunn een oppenen Channel ob eisem XMPP an Matrix Server. Jiddereen, ass häerzlech Wëllkomm, mat eis ze chatten:

  • XMPP: c3l@conference.c3l.lu
  • Matrix: #c3l:matrix.c3l.lu

Een Iwwerbléck vun de nächsten Evenementer souwéi Aktivitéiten, fannt dir hei drënner. Fir eng komplett Lëscht, kuckt d´Evenementer Säit oder abonnéiert eisen Atom Feed.

ChaosMeetings sinn normaler Weis all zweeten Méinden um 20 Auer an der ChaosStuff. Kommt och mol op den Meet-Up. Jiddereen ass häerzlecht agelueden bei eis matzeschaffen. Egal a wéi enger Form! Mir bäissen net ;)

Mir sinn momentan:

Neiegkeeten

Wéi dir bestëmmt wësst, huet d’Lëtzebuerger Regierung bis de 7. Juni Zäit, fir d’“Digital Single Market” Direktiv (2019/790), wou et ëm d’Auteursrechter/Copyright geet, an ee nationaalt Gesetz ëmzesetzen. Dës Gesetzgebung wäert d’Reegelen nei gestalten, déi d’Benotzererfarung vun haut massiv beaflossen.

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg huet dozou ee Positiounspabeier geschriwwen deen déi bescht méiglechst Implementatioun vun deene verschiddenen Artikelen vun dëser Direktiv opgräift.

Den Oflaf vun der Pressekonferenz gesäit folgendermoossen aus:

  • 13:30 Entrée & Verdeelung vum Positiounspabeier
  • 14:00 Ufank vun der Pressekonferenz
  • 14:45 Froeronn
  • 15:15 Ofschloss

Mir lueden Iech dowéinst häerzlechst den 1ten Februar ab 13:30 Auer an d’Victor Hugo Hal, iwwer d’Säitenentrée op den zweete Stack, ze komme wou mir eise Positiounspabeier wäerte virstellen an eis Websäit lancéieren.

Opgrond vun den aktuelle Mesure biede mir iech, eis kuerz Bescheed ze soen ob dir kommt an zu wéi vill.

Mat frëndleche Gréiss, Chaos Computer Club Lëtzebuerg

2021/01/29 15:06 · metalgamer
  • lb/bootstrap.txt
  • Last modified: 2021/09/17 14:05
  • by metalgamer