lb:bootstrap

Dir kënnt eis eng Email schécken op info@c3l.lu oder iwwer Mastodon: @c3l@social.c3l.lu. D'Press a Medie  sollen press@c3l.lu benotzen an Press Säit ukucken. Opgepasst! Mir all bedreiwen dee Club niewebäi als Hobby. Erwaart iech also keng regulär Ëffnungszäiten oder eng direkt Äntwert op är E-Mailen oder Uriff! Êiert dier eis kontaktéiert, lies iech dës FAQ.

Natierlech kënnt dir och eng Kéier an eisen Hackerspace "ChaosStuff" laanscht kommen.

Mir hunn een oppenen Channel ob eisem XMPP an Matrix Server. Jiddereen, ass häerzlech Wëllkomm, mat eis ze chatten:

  • XMPP: l@conference.c3l.lu
  • Matrix: #c3l:matrix.c3l.lu

Een Iwwerbléck vun de nächsten Evenementer souwéi Aktivitéiten, fannt dir hei drënner. Fir eng komplett Lëscht, kuckt d´Evenementer Säit oder abonnéiert eisen Atom Feed.

ChaosMeetings sinn normaler Weis all läschten Méinden vum Mount um 20 Auer an der ChaosStuff oder online.

Mir sinn momentan:

Neiegkeeten

Uganks Juni war et souwäit, a mir konnten an zesummenaarbecht mat der DEA (Distribution d’Eau des Ardennes), eng Rëtsch nei Meshcore Repeater montéieren. Déi Nodes hëllefen massiv dobäi, den Norden vum Land ofzedecken, sou datt zum Beispill an enger Kris, eng séier, reliabel an autonom Kommunikatioun kann gewährleescht ginn!

10W Solarmodul & 6dbi Antenn mat integréiertem Bandpassfilter

Follgend Plazen kruten jeeweils een autarken Solar Node mat enger 6dbi Antenn drun:

3 Weider PoE Nodes mat jeeweils 3 an/oder 6 dbi sinn nach zu Lentzwéiler, Bombatsch (Ausgang Maarnech Richtung Fëschbech) an Useldeng ze montéieren.

Ausserdeem konnten mir d'Ekippen mat 10 Meshcore Companions ekipéieren. Doduerch konnten mir eng Kommunikatioun tëscht den verschiddenen Sitten direkt schonn s testen.

2026/06/22 11:12 · virii
  • lb/bootstrap.txt
  • Last modified: 2025/08/03 14:08
  • by metalgamer