Dir wëllt mat eis an Kontakt kommen?
Dir kënnt eis eng Email schécken op info@c3l.lu oder iwwer Mastodon: @c3l@social.c3l.lu. D'Press a Medie sollen press@c3l.lu benotzen an Press Säit ukucken. Opgepasst! Mir all bedreiwen dee Club niewebäi als Hobby. Erwaart iech also keng regulär Ëffnungszäiten oder eng direkt Äntwert op är E-Mailen oder Uriff! Êiert dier eis kontaktéiert, lies iech dës FAQ.
Natierlech kënnt dir och eng Kéier an eisen Hackerspace "ChaosStuff" laanscht kommen.
Mir hunn een oppenen Channel ob eisem XMPP an Matrix Server. Jiddereen, ass häerzlech Wëllkomm, mat eis ze chatten:
- XMPP: l@conference.c3l.lu
- Matrix: #c3l:matrix.c3l.lu
Evenementer
Een Iwwerbléck vun de nächsten Evenementer souwéi Aktivitéiten, fannt dir hei drënner. Fir eng komplett Lëscht, kuckt d´Evenementer Säit oder abonnéiert eisen Atom Feed.
- EMFcamp 2026 (2026/07/16 10:00 - 2026/07/20 12:00)
- Evoke 2026 (2026/08/21 - 2026/08/23 )
Wöchentlech Treffen
ChaosMeetings sinn normaler Weis all läschten Méinden vum Mount um 20 Auer an der ChaosStuff oder online.
Vergaangen Evenementer
- ChaosMeeting (2026/06/29 20:15 - 21:15)
- Meetup @ ChaosStuff (2026/06/08 17:00 - 21:00)
Neiegkeeten
Meshnet Lëtzebuerg
Mir hunn e neie Projet, an deem mir alles, wat mat Mesh-Technologie ze dinn huet, ënner meshnet.lu zesummefaassen.
Dëst ëmfaasst ënner anerem lafend Projeten wéi Freifunk Lëtzebuerg, wéi awer och neies wéi Meshtastic a Meshcore.
Momentan konzentréiere mir eis awer drop, Meshcore zu Lëtzebuerg auszebauen an seng Benotzung ze analyséieren.
Wann Dir elo direkt en Iwwerbléck iwwer Meshcore hei am Land wëllt kréien, dann kuckt w.e.g. op live.meshnet.lu.
Eng dedizéiert Websäit am Stil vu Freifunk steet och geschwënn zur Verfügung.
Do wäerte mir Konfiguratiounen, Guiden fir Nodes selwer ze bastelen, Best Practices an de juristesche Kader zu Lëtzebuerg publizéieren.





