This is an old revision of the document!
Chaos Computer Club Lëtzebuerg A.S.B.L.
Den C3L ass eng beim RCSL registréiert, Lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck (A.S.B.L.).
Registernummer: F0007653
Statuten: statutes.c3l.lu.
Den Chaos Computer Club Lëtzebuerg ass deen 23 Mee 2008 gegrënnt ginn. Hei fannt der méi Informatiounen doriwwer: Geschicht
Kontakt
Chaos Computer Club Lëtzebuerg, A.S.B.L.
Hall Victor Hugo
Reim 201 & 203 (2ten Stack)
60 Avenue Victor Hugo
L-1750 Lëtzebuerg
Email: info@c3l.lu (GPG-ID: 0x654C9F1D)
Press: press@c3l.lu (GPG-ID: 0x654C9F1D)
Telefonsnummer: +352-27-40-20-30
Twitter: @c3l_
Internetsäit: c3l.lu
Déi meescht vun eis schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch an/oder Franséisch. Schreif eis an där Sprooch déi Iech am beschten läit! (Am meeschten Gléck hu der awer bei LB/EN)
Mat eis an Kontakt bleiwen
Den éischten Kontakt mat eis ass gemaach? Wann Dir wëllt mat aneren Memberen aus dem Veräin a Kontakt kommen oder matkréien wat sou am Veräin lass ass, dann fannt dir ob der Säit "Kontakt zur Communautéit" méi Informatiounen!
Club Organer
Déi folgend Club Organer sinn am Detail ob de jeeweilege Säiten erkläert. Dëst ass awer keng Hierarchie Struktur.
<imgcaption label|Organisatiounsdiagramm></imgcaption>
Finanzen
Spenden
De Club lieft vun spenden. Wann Dir eis Aarbecht wäertschätzt, kënnt Dir eis gären e klengen Don maachen.
Transparenz Rapport
En transparenten Finanzrapport ass Deel vun eisem Konzept, domat jiddereen weess wéi eis Suen gebraucht ginn a wou se hier kommen.
Finanz Audit
Op der uerdentlecher Generalversammlung gëtt een Finanz Audit vun 2 onofhängegen Keesepréifer gemaach. Keesepréifer kënnen dobäi keen Member vum Verwaltungsrot sinn.
Pressernimmungen vum an iwwert den C3L
Wann Dir gären déi jeeweileg Pressernimmungen kucken/liesen wëllt, dann fannt der déi op eiser Säit vun der Press.
Partner
Logo
All't Logoen vum Veräin sinn CC lizenzéiert. Dir fannt se als SVG oder PNG Datei hei: logos.