lb:organization:about

Chaos Computer Club Lëtzebuerg A.S.B.L.

Den C3L ass eng beim RCSL registréiert, Lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck (A.S.B.L.).
Registernummer: F0007653
Statuten: statutes.c3l.lu.

Den Chaos Computer Club Lëtzebuerg ass deen 23 Mee 2008 gegrënnt ginn. Hei fannt der méi Informatiounen doriwwer: Geschicht.

Email: info@c3l.lu (GPG-ID: 0x654C9F1D)
Press: press@c3l.lu (GPG-ID: 0x654C9F1D)
Telefonsnummer: +352-27-40-20-30
Twitter: @c3l_
Internetsäit: c3l.lu

B.P.
BPM 332130
Chaos Computer Club Lëtzebuerg, A.S.B.L.
Banzelt 4 A
L-6921 Roodt-sur-Syre
Luxembourg, Europe
Adress
Chaos Computer Club Lëtzebuerg, A.S.B.L.
Halle Victor Hugo
Room 201 & 203 (2nd Floor)
60 Avenue Victor Hugo
L-1750 Luxembourg
Luxembourg, Europe

Déi meescht vun eis schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch an/oder Franséisch. Schreif eis an där Sprooch déi Iech am beschten läit! (Am meeschten Gléck hu der awer bei LB/EN)

De Club huet sech folgend Ziler ginn:

  • Ënnerstëtzung vun der Kommunikatiouns- an Informatiounsfräiheet
  • Analyséiere vu Systemer a Warnungen un déi Betraffe schécken
  • Bildung am Beräich vun den neien Technologien an dem Dateschutz
  • Technesche Virwëtz vu komplexe Systemer ausliewen
  • Fërderung vum fantasievollen a kriteschen Ëmgang mat Technologie
  • Hëllefsstellung a Berodung bei techneschen a rechtleche Froen am Kader vun de gesetzleche Méiglechkeeten.
  • Zesummenaarbecht an Austausch mat Nationalen- an Internationale Gruppéierungen, deenen hier Ziler mat deene vum Veräi vereenbar sinn.
  • D'Stäipen an d'Stäerkung vun de Bierger- a Mënscherechter.

Mir halen eis ganz strikt un d'Hacker Ethik:

  1. Den Zougang zu Computer an allem, wat engem weise kann, wéi des Welt funktionéiert, soll onbegrenzt a vollstänneg sinn.
  2. All d'Informatioune musse fräi sinn.
  3. Mësstrau Autoritéiten. Fuerder Dezentraliséierung.
  4. Beuerteel een Hack no deem, wat e mécht, a net no Kritären ewéi Ausgesinn, Alter, Hierkonft, Spezies, Geschlecht oder gesellschaftlech Stellung.
  5. Mat engem Computer kann ee Konscht a Schéinheet schafen.
  6. Computer kënnen däi Liewen zum Bessere veränneren.
  7. Verknascht aner Leits Daten net.
  8. Ëffentlech Daten notzen, privat Date schützen.

Den éischten Kontakt mat eis ass gemaach? Wann Dir wëllt mat aneren Memberen aus dem Veräin a Kontakt kommen oder matkréien wat sou am Veräin lass ass, dann fannt dir ob der Säit "Kontakt zur Communautéit" méi Informatiounen!

Déi folgend Club Organer sinn am Detail ob de jeeweilege Säiten erkläert. Dëst ass awer keng Hierarchie Struktur.

<imgcaption label|Organisatiounsdiagramm></imgcaption>

De Club lieft vun Spenden. Wann Dir eis Aarbecht wäertschätzt, kënnt Dir eis gären e klengen Don maachen.

En transparenten Finanzrapport ass Deel vun eisem Konzept, domat jiddereen weess wéi eis Suen gebraucht ginn a wou se hier kommen.

Op der uerdentlecher Generalversammlung gëtt een Finanz Audit vun 2 onofhängegen Keesepréifer gemaach. Keesepréifer kënnen dobäi keen Member vum Verwaltungsrot sinn.

Wann Dir gären déi jeeweileg Pressernimmungen kucken/liesen wëllt, dann fannt der déi op eiser Säit vun der Press.

All't Logoen vum Veräin sinn CC lizenzéiert. Dir fannt se an eisem Artwork Repo.

  • lb/organization/about.txt
  • Last modified: 2021/10/10 09:27
  • by metalgamer